Basketball - Trainerwiessel an der LBBL
Ricky Easterling ersetzt den Amadeo Dias beim Gréngewald

An der LBBL bei den Häre gëtt et den éischten Trainerwiessel fir d'Saison 2023/24.
De Gréngewald an den Trainer Amadeo Dias gi getrennte Weeër. D'Ekipp steet op der leschter Platz an der Tabell an huet nëmmen 1 vun 9 Matcher gewonnen dës Saison. Den 48 Joer alen Trainer hat d'Ekipp am Summer iwwerholl. Seng Plaz iwwerhëlt de Ricky Easterling. De 40 Joer alen US-Amerikaner mat däitschem Pass huet bis virun e puer Wochen d'Dammen-Ekipp vun de Saarlouis Royals trainéiert a fänkt um Freide bei der Ekipp aus der LBBL un.
Am meeschte gelies