Am Handball waren dëse Weekend d'Véierelsfinalle bei den Damme wéi bei den Hären.

Resumé Coupe 1/4-Finallen am Handball / Reportage Gilles Tricca

An der virewechgehollener Finall tëscht de Red Boys Déifferdeng a Bierchem huet sech de Coupegewënner géint d'Réiserbänner duerchgesat. An enger Partie, där d'Golkipper op béide Säiten hire Stempel opgedréckt hunn, war et bis zur leschter Sekonn spannend, an Déifferdeng gewënnt 31:30.

No 10 Minutte stoung et 7:4 fir déi Rout, mee Bierchem konnt erëm opschléissen. An enger temporäicher Partie hu sech béid Ekippen näischt geschenkt a Bierchem huet mat enger staarker Ekippeleeschtung d'Ausfäll vum Ben Weyer a Lé Biel kompenséiert kritt. Beim Stand vun 18:16 goufen d'Säite gewiesselt.

No engem kuerzen Duerchhänger an der zweeter Hallschent huet sech Bierchem erëm zeréckgekämpft. Et stoung bis zum Schluss Spëtz op Knapp, wou d'Red Boys dat bessert Enn fir sech haten. Mann vum Match op Bierchemer Säit war de Raphael Gudden mat 8 Goler, a fir Déifferdeng war de Baptiste Audifred (8 Goler) beschte Buteur.

No enger laang serréierter Partie steet Diddeleng an der Halleffinall. An der zweeter héichkaräteger Partie vum Samschdeg setzt sech den HBD mat 38:29 géint Käerjeng duerch.

An der éischter Hallschent war de Match laang ausgeglach, éier sech Diddeleng kuerz virun der Paus eng éischt Kéier mat dräi Goler ofsetze konnt an et mat dësem Avantage an d'Kabinne goung (20:17).

An den zweeten 30 Minutte war Käerjeng duerch eng Rei staark Parade vun hirem Golkipp Van-Zeller kuerzzäiteg erukomm, mee Diddeleng huet uschléissend déi richteg Reaktioun gewisen an den Ecart bis zum Schluss op 9 Goler ausgebaut.

Den Handball Esch huet sech beim 33:20 zu Gréiwemaacher beim HB Museldall keng Bléisst ginn an Dikrech huet sech mat 24:19 beim Standard behaapt.

Och wann den HB Rëmeleng an der Coupe net am Asaz war, huet de Club aus dem Minett fir Opmierksamkeet gesuergt. Wéi d'Esperance e Samschdeg op de Sozialen Netzwierker matgedeelt huet, schléisst sech den Alexandros Vasilakis der Ekipp vum Trainer Ivica Ivesic un.

Dammen

Den Titelverdeedeger Diddeleng hat beim 35:17 géint den HB Museldall wéineg Problemer. Den HBD huet schonn am Ufank fir kloer Verhältnisser gesuergt a louch zur Paus 21:10 vir.

Och de Champion Käerjeng huet beim 35:20 zu Esch näischt ubrenne gelooss a steet, wéi déi lescht Joren, am Final4 vun der Lëtzebuerger Handballcoupe.

Méi enk war et am Match tëscht Déifferdeng an Dikrech, wou sech d'Ekipp vum Trainer Michel Scheuren um Enn 14:11 behaapt. An enger golaarmer Partie hat Dikrech de bessere Start an huet sech dës Féierung bis zur Paus (7:4) net méi huele gelooss. An der zweeter Hallschent hunn d'Déifferdengerinnen de Match nach zu hire Gonschte gedréint kritt.

Als véiert Ekipp steet den HC Standard no enger 19:15-Victoire zu Bieles am Final4, deen Enn Abrëll um Programm steet.

Den Iwwerbléck vun de Resultater