Bartreng wënnt no Verlängerung, d'Fiels mat Victoire géint d'Pikes

© Christophe Hochard
Um Samschdeg war den Optakt vum 11. Spilldag bei den Hären a vum 9. Spilldag bei den Dammen an der LBBL.
Hären
Bei der Amicale Steesel huet den Jarvis Williams no laanger Velertzungspaus doheem géint Mamer säi Comeback gefeiert. De Ball ass bei der Ekipp vum Trainer Daniel Brandao gutt gedréit an d'Lokalekipp louch an der Paus scho mat 66:39 a Féierung. Den Opsteiger Mamer, dee weiderhin op den Australier Nelson Larkins verzichte misst, hat dem staarke Steeseler Kollektiv an dësem Match näischt entgéint ze setzen. Um Enn wënnt Steesel däitlech mat 123:70, dobäi hunn 11 Steeseler Spiller Punkte markéiert. Bei sengem Comeback hat de Jarvis Williams mat 24 Punkten am beschte getraff.
Méi knapp war de Match an der Fiels tëschent der Arantia an de Musel Pikes. Hei huet de Musel Pikes e Brochdeel vun engem Honnertstel gefeelt, fir sech an d'Verlängerung ze retten. Den tip-in vum Tom Welter huet net gezielt an d'Arantia konnt sech mat 72:70 behaapten. Den Dillon Stith huet net nëmmen 31 Punkte markéiert, mee och den entscheedende Kuerf fir d'Lokalekipp geworf.
E weidere spannende Match hunn d'Zuschauer zu Bartreng gesi wou eng Verlängerung huet misse fir d'Entscheedung suergen. Um Enn wënnt d'Sparta mat 85:83 géint de Gréngewald. De Malek Green huet staark 48 Punkte markéiert an den entscheedende Worf markéiert kuerz viru Schluss. De Gréngewald hat a Persoun vum Thomas Henkel nach d'Chance de Match ze dréinen, mee de leschte Worf huet d'Zil verfeelt.
Den AB Conter setzt sech iwwerdeems mat 99:77 géint d'Résidence Walfer duerch. De Greg Milton konnt mat 35 Punkten iwwerzeegen an de Charel Moes huet 22 Punkte bäigesteiert.
Dammen
Bei den Damme bleift de Champion Gréngewald Hueschtert ongeschloen. D'Ekipp vum Trainer Francois Manti huet sech auswäerts mat 88:53 géint d'Sparta Bartreng duerchgesat. D'Gäscht hu sech schnell ofgesat a louchen nom éischte Véierel mat 23:10 a Féierung. D'Lokalekipp konnt sech am zweete Véierel allerdéngs zeréck an de Match kämpfen. De Gréngewald huet den Tempo nom Säitewiessel ugezunn an 33 Punkten am drëtte Véierel markéiert, de Match war domat fréizäiteg entscheet. D'Amanda Cahill huet mat 26 Punkten a 15 Rebounds iwwerzeegt, insgesamt hunn d'Gäscht 15 Dräier getraff.
Den AB Conter setzt sech mat 78:58 géint de Basket Esch duerch. Ganz staark war an dësem Match d'Karly Murphy mat 27 Punkten a 25 Rebounds.