No 11 Spilldeeg, mat awer esouguer engem Match manner, steet den HC Bierchem an der ieweschter Divisioun am Härenhandball, elo eleng un der Tabellespëtzt.

Bierchem ass Tabelleleader / Reportage Franky Hippert

Déi Réiserbänner hu sech an der Spëtzepartie 34-31 géint de Favorit op de Championstitel, d'Red Boys, duerchgesat. Nom Out an der Véierelsfinall vun der Coupe de Luxembourg géint déi Déifferdenger, huet dee Succès am Championnat der Bierchemer Ekipp elo gutt gedoen.

Am Ufank vun der Saison wosst een net esou richteg, wéi wäit d'Rees fir den HC Bierchem kéint goen. D'Red Boys goufen als klore Favorit op de Championstitel gehandelt, do hannendrun kéimen da Käerjeng a Bierchem. Ma och déi erstaunlech staark, talentéiert a jonk Diddelenger stinn am Moment hannert deene Réiserbänner op der zweeter Plaz an der Tabell. Bei deenen Escher war gewosst, datt et méi eng schwiereg Saison kéint ginn. Mat der Victoire elo am Championnat géint d'Red Boys, konnt een emol eng kleng Revanche fir den Out an der Coupe huelen.

Bei deene Bierchemer, bei deene Spiller aus der eegener Jugend wéi ënnert anerem de Ben Weyer, Lé Biel, Raphael Guden a Scott Meyers zu de Piliere vun der Ekipp gehéieren, si besonnesch och verschidde Charaktereegenschafte wéi zum Beispill d'Diziplin, immens wichteg, virun allem dann och géint eng Formatioun wéi d'Red Boys, seet de Spiller vun deene Réiserbänner Raphael Guden.

Den HC Bierchem huet elo nach e Mëttwoch e Nodrosmatch zu Käerjeng. Duerno ass bis Mëtt Januar Wanterpaus am Championnat. D'Saison ass duerno awer nach laang an ob et fir déi Réiserbänner fir deen éischte Championstitel zanter 2011 duergeet, ass dann um Enn vum Play-Off gewosst.