Den Tabelleleader Bierchem klappt Käerjeng am Nodrosmatch

© Serge Olmo
Mat der Victoire géint Käerjeng baut den Tabelleleader Bierchem seng Féierung op d'Verfolger Diddeleng an Déifferdeng aus.
Am Nodrosmatch vum 7. Spilldag, dee wéinst der Europacoupe verluecht huet musse ginn, huet sech Bierchem mat 33:25 géint Käerjeng behaapt.
De Match hat, wéi erwaart, ganz serréiert ugefaangen a sollt no 12 Minutten en éischten Opreeger erliewen. De Bierchemer Spillmécher Raphael Gudden krut no engem ze haarden Asteige vun den Arbitteren Haas a Miranda déi Rout Kaart gewisen a konnt domat fréi net méi matwierken. D'Réiserbänner hu sech dovun awer net ënnerkréie gelooss an hu weider dogéint gehalen.
Käerjeng ass 7 Minutte virun der Paus an e klengt Lach gefall a Bierchem konnt 5:0-Laf realiséieren a sech domat liicht ofsetzen. Beim Stand vu 15:12 fir d'Gäscht goufen d'Säite gewiesselt.
No der Paus huet déi jonk Gard vun de Réiserbänner op sech opmierksam gemaach, virun allem de Ben Majerus war deelweis net ze stoppen. De Spiller aus der eegener Jugend huet den Ausfall vum Raphael Gudden vergiesse gedoen an huet an der zweeter Hallschent 6 vu sengen 10 Goler geschoss. Nieft dem Majerus huet och de Yann Hoffmann (8 Goler) vill Verantwortung iwwerholl.
Duerch eng konzentréiert Ekippeleeschtung war d'Féierung fir d'Réiserbänner an der zweeter Hallschent ni a Gefor a Bierchem gewënnt um Enn héichverdéngt mat 33:25 zu Käerjeng.
Den HC Bierchem geet als Tabellenéischte vun der AXA League an d'Wanterpaus an huet elo véier Punkte Virsprong op d'Verfolger Diddeleng an Déifferdeng, déi punktgläich bei 16:6 Punkte stinn. Käerjeng ass Véierten an Esch steet op der fënnefter Plaz. Dikrech huet momentan déi begiert 6. Plaz, fir am Titel-Playoff matzespillen.
Fannt d'Resultater vum 7. Spilldag ënnert follgendem Link.