Steesel wënnt spannenden Derby zu Walfer, véiert Victoire noenee fir d'Fiels

© AFP (Archiv)
Um Samschde gouf de kompletten 13. Spilldag an der LBBL bei den Häre gespillt a bei den Damme war et den Optakt vum 11. Spilldag.
Hären
D'Arantia Fiels geet fir d'véierte Kéier noeneen als Gewënner vum Terrain, dat mat engem souveränen 101:69 zu Mamer. Bei der Lokalekipp huet de Lavone Holland säin Debut ginn, seng Presenz ass awer net duergaange fir de Match spannend ze gestalten. D'Gäscht aus der Fiels hunn sech fréi ofgesat a louchen an der Paus scho mat 41:22 a Féierung. No der Paus huet Mamer offensiv zwar besser an de Match fonnt, krut de Géigner awer defensiv zu kengem Moment an de Grëff. De Ryan Ogden konnt mat 40 Punkten op sech opmierksam maachen, insgesamt huet d'Fiels 12 Dräier markéiert. Fir den Opsteiger Mamer, dee staark an d'Saison gestart war, war et déi sechst Defaite noeneen.
Am Derby tëschent der Résidence Walfer an dem Leader Amicale Steesel hunn d'Supporter eng ausgeglachen éischt Hallschecht gesinn, no 20 Minutte louch d'Lokalekipp knapp mat 42:38 a Féierung. Nodeems sech keng Ekipp konnt entscheedend ofsetzen, sollt d'Entscheedung an enger spannender Schlussphas falen. Den Amerikaner Jarvis Williams huet Steesel 17 Sekonne viru Schluss mat engem Dräier a Féierung bruecht. Am Géigenzuch hat Walfer a leschter Sekonn eng Chance eng Verlängerung ze erzwéngen, dem Raul Birenbaum säi Worf huet d'Zil allerdéngs verfeelt. Et blouf beim 84:81 fir d'Amicale. De Kim Aiken Jr huet déi meeschte Punkte markéiert, niewent senge 24 Punkten huet de Profispiller och ënner dem Kuerf mat 15 Rebounds geglänzt. An der Tabell huet Steesel weiderhin zwee Punkte Virsprong op Ettelbréck an Esch.
E weidere spannende Match gouf tëschent Conter an Ettelbréck gespillt. D'Gäscht setzen sech mat 84:77 duerch, dobäi konnt de Nationalspiller Philippe Gutenkauf 22 Punkten, 14 Rebounds a 9 Assists bäisteieren.
De Basket Esch wënnt doheem mat 86:71 géint d'Kordall Steelers. De Clancy Rugg konnt 29 Punkte fir de Champion markéieren. Bei de Gäscht stoung mam Domenick Sleva en neie Profispiller um Terrain, hien ersetzt de verletzten Tyler Frederick.
D'Sparta Bartreng wënnt auswäerts mat 90:85 géint d'Musel Pikes. D'Lokalekipp huet sech zum Schluss zeréck an de Match gekämpft, de Malek Green huet seng Ekipp awer mat 37 Punkten zur Victoire geworf.
Den T71 Diddeleng setzt sech kloer mat 104:66 géint den Tabelleleschte Gréngewald Hueschtert duerch. De Londell King Jr war mat 38 Punkten de stäerkste Spiller bei der Lokalekipp.
Dammen
Bei den Damme wënnt den T71 Diddeleng de Spëtzematch géint d'Sparta Bartreng kloer mat 85:52. Domat steet d'Ekipp vum Trainer Jérôme Altmann an der Tabell eleng op der zweeter Plaz, béid Ekippe ware punktgläich an de Match gestart. D'Lokalekipp huet sech direkt am éischte Véierel ofgesat an de Match duerno dominéiert. Mat 17 Punkten huet d'Catherine Mreches am beschte getraff fir Diddeleng, donieft huet déi 15 Joer jonk Isi Etute hiren éischte Match bei den Damme gespillt an direkt 12 Punkten a 10 Rebounds markéiert.
De Champion Gréngewald setzt sech kloer mat 77:49 géint d'Musel Pikes duerch a bleift domat ongeschloen des Saison. D'Samantha Logic konnt mat engem "triple double" iwwerzeegen, si hat 11 Punkten, 15 Rebounds an 10 Assists um Kont.
An engem spannende Match wënnt Wolz auswäerts mat 79:75 géint de Basket Esch. D'Nicole Fransson konnt mat 27 Punkten a 17 Rebounds dofir suergen, dass Wolz den drëtte Match noeneen gewënnt