Darko Ristic ersetzt de Mike Smith beim Opsteiger Mamer

An der LBBL bei den Häre gëtt et den zweeten Trainerwiessel des Saison.
Den Opsteiger Mamer an den Amerikaner Mike Smith hunn zesummen decidéiert de Kontrakt opzeléisen. Hie gëtt ersat vum Serb Darko Ristic, deen zu Lëtzebuerg keen Onbekannten ass an ënner anerem schonn d'Häre vu Conter trainéiert huet.
No engem staarken Optakt an d'Saison huet d'Ekipp 6 Matcher noenee verluer. De Weekend gouf et eng däitlech 69:101 Defaite géint d'Fiels. De Sam Ferreira hat d'Ekipp verlooss a gouf op Miersch an d'Nationale 2 ausgeléint. Mamer steet mat enger Bilanz vu 5 Victoiren a 7 Defaiten op der 9. Plaz an der Tabell.
Nelson Larkins op Esch
Donieft ass et d'Nouvelle, dass de Champion Basket Esch sech mam Australier Nelson Larkins verstäerkt. Hien huet d'Saison bei Mamer ugefaangen a spillt vu Januar u bei der Ekipp vum Trainer Franck Mériguet. Esch reagéiert domat op d'Verletzung vum Amerikaner Jordan Hicks.