Bierchem an Diddeleng iwwerraschen, Red Boys enttäuschen
Mat nach just dräi Matcher virun de Playoffs ze spillen, geheie mer e Bléck op d'Situatioun bei den Topp-Ekippen am Härenhandball.
Zënter Joren ass gewosst, dass am Handball-Championnat just fënnef Ekippen d’Méiglechkeet hunn, fir ëm de Champion matzespillen. Esch hat gewëssermoossen en Abonnement, dat ass awer dëst Joer ofgelaf. Weider zu dëser Grupp vu Fënnef ziele mer d'Red Boys, Diddeleng, Bierchem a Käerjeng. Wéi et bis ewell am Championnat fir dës Ekippe gelaf ass, dat analyséiert de Régis Thill.
Bei deenen Escher hate mer dës Saison e groussen Ëmbroch, well vill Spiller a Sponsoren hunn opgehalen. En neien Trainer ass komm an den Opbau brauch nach eng Zäit. Esch huet bis elo géint all déi aner Spëtzenekippe verluer. Déi Escher hunn awer déi zweetbescht Defense, wat heescht, datt jidderee ka géint se ausrutschen.
Déi Käerjenger stinn net an der beschter Positioun am Klassement, d'Situatioun ass awer och net aussiichtslos. Géint Diddeleng huet Käerjeng zwee Mol knapps gewonnen, duerfir géint d'Red Boys a géint Bierchem däitlech verluer. Vun deene fënnef Spëtzenekippen huet Käerjeng déi schlechtsten Defense, vläicht heescht et, do usetzen.
D'Red Boys vun Déifferdeng sinn déi gréissten Enttäuschung vum éischten Deel vun der Saison. Virun der Saison sinn déi Rout-Wäiss als grousse Favorit gehandelt ginn. Si hunn déi beschten Individualitéiten, déi meeschten Auslänner - dorënner e fréiere Weltmeeschter - an déi beschten Defense. Trotzdeem verléiere si zwee Mol géint Diddeleng an ee Mol géint Bierchem.
Diddeleng dogéint ass eng kleng Iwwerraschung. Och si sinn amgaangen, op- an ëmzebauen. Hiren Trainer huet dem Nowuess aus dem Club eng Chance ginn an deen huet se genotzt. Hinne feelt et vläicht un Erfarung, mä duerfir fäerte se näischt a keen. An de Mix tëscht erfueren a méi jonke Spiller schéngt ze klappen
Mam Bléck op d'Tabell gesi mer, datt un der Spëtzt d'Ekipp aus Bierchem steet. Och dat eng Iwwerraschung. Si hu véier Punkten Avance an enger Tabell, wou et fir e gewonnene Match just 2 Punkte gëtt. Déi Bierchemer hu just ee vun hiren zwee Matcher géint d’Red Boys verluer, soss keen. Um Terrain steet net en Ensembel vun auslännesche Staren, mä e richtegen Ensembel an datt si als Ekipp zesummestinn, ass eegenen Aussoen no hir grouss Stäerkt.