Walfer wënnt knapp géint de Kordall, Ettelbréck iwwerrennt Bartreng

© Shari Schenten
Um Mëttwoch an Donneschdeg stoungen de 14. Spilldag an der LBBL bei den Hären an den 12. Spilldag an der LBBL bei den Dammen um Programm.
Hären
D'Etzella Ettelbréck iwwerrennt d'Sparta Bartreng mat 98:58. D'Gäscht hu sech direkt am éischte Véierel entscheedend ofgesat, den Tempo héich gehalen an dofir gesuergt, dass d'Sparta sech net méi an de Match zeréckkämpfe konnt. Den Nationalspiller Philippe Gutenkauf huet 32 Punkte markéiert a war dobäi ganz effizient, hien huet just 14 Mol op de Kuerf geworf. De Bartrenger huet d'Reussite gefeelt, d'Lokalekipp huet just 3 vu 27 Dräier getraff.
Den T71 Diddeleng wënnt auswäerts mat 99:88 géint d'Musel Pikes. D'Gäscht hunn insgesamt 15 Dräier getraff, den Profi-Duo Londell King Jr a Joshua McFolley war mat zesummen 59 Punkten net ze stoppen.
D'Arantia Fiels setzt sech mat 91:70 géint de Basket Esch duerch. Bei de Gäscht huet niewent dem Amerikaner Jordan Hicks an dem Alex Rodenbourg och den Thomas Grün gefeelt. De Mykolas Maindron konnt mat 27 Punkten iwwerzeegen.
Den Tabelleleschte Gréngewald Hueschtert setzt sech doheem däitlech mat 111:76 géint Mambra Mamer duerch, dat ënner dem Impuls vum Maurice Calloo, deen 41 Punkte markéiere konnt. Den neie Mamer-Trainer Darko Ristic war e Mëttwoch krank an huet net gecoacht. Hie gouf vertruede vum Kevin Steenberge, deen déi 7. Defaite noeneen och net verhënnere konnt.
Spannend war de Match tëschent dem Opsteiger Kordall an der Résidence Walfer. D'Lokalekipp hat a Persoun vum Michael Zabetakis d'Méiglechkeet sech an d'Verlängerung ze retten, de Schoss sollt awer net duerch d'Netz goen, um Enn wënnt Walfer 72:70. De Leon Ayers huet mat 24 Punkten am beschte getraff.
E weideren enke Match hunn d'Zuschauer zu Steesel gesinn. Hei setzt sech d'Amicale um Enn mat 94:86 géint den AB Conter duerch, nodeems et 6 Minutte viru Schluss nach gläich stoung. 5 Spiller vu Steesel hu méi wei 10 Punkte markéiert, de Kim Aiken Jr konnt mat 24 Punkten iwwerzeegen.
Dammen
Bei den Damme stoung de Spëtzematch tëschent dem Champion Gréngewald Hueschtert an dem Vize-Champion T71 Diddeleng um Programm. D'Lokalekipp huet gutt an de Match fonnt a sech séier ofgesat. De Ball ass schnell gedréint an eng staark Worfquot huet dofir gesuergt, dass de Gréngewald an der Paus mat 53:25 a Féierung louch. Net manner wéi 10 Dräier huet d'Ekipp vum Trainer Francois Manti an der éischter Hallschecht getraff. Am drëtte Véierel koum eng staark Reaktioun vun de Gäscht déi no engem 15:0 Laf op 7 Punkte rukomm sinn. Am leschte Véierel huet Hueschtert de Match nees ënner Kontroll bruecht a wënnt um Enn souverän mat 83:59, domat bleift de Gréngewald ongeschloen des Saison. D'Samantha Logic huet am beschte getraff, si koum op 24 Punkten, dorënner 6 Dräier.
Den AB Conter wënnt mat 78:71 zu Steesel. D'Karly Murphy huet mat 35 Punkten a 14 Rebounds iwwerzeegt. D'Sparta Bartreng setzt sech kloer mat 80:61 géint de Basket Esch duerch. D'Nicole Torresani huet dobäi 22 Punkte markéiert. Mat der Victoire zitt Bartreng an der Tabell mat Diddeleng op der zweeter Plaz gläich.
Um Donneschden huet Wolz sech kloer mat 91:64 géint Zolwer behaapt. D'Nicole Fransson huet bei der véierter Victoire noenee mat 29 Punkten an 20 Rebounds iwwerzeegt. D'Gäscht bleiwen dës Saison ouni Victoire.
No dësem Spilldag geet de Basketball-Championnat an eng kuerz Wanterpaus, weider geet et awer schonn de 6. Januar.