D'Detroit Pistons stellen en neien Negativrekord an der NBA op

© GREGORY SHAMUS GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
An der Nuecht op e Mëttwoch huet d'Ekipp aus dem Bundesstaat Michigan mat 112:118 géint d'Brooklyn Nets verluer.
Et war déi 27. Defaite um Stéck. Souvill Matcher huet nach ni eng Ekipp an der NBA an enger Saison noenee verluer. Eigentlech hat d'Saison 2023/24 mat zwou Victoiren an enger Defaite gutt ugefaange fir d'Ekipp vum Trainer Monty Williams. Zanter dem 28. Oktober huet Detroit allerdéngs kee Match méi fir sech entscheet.
De Rekord fir déi meeschten Defaiten noeneen a méi wei enger Saison hält momentan Philadelphia, déi an de Saisonen 2014/15 an 2015/16 28 Matcher um Stéck verluer hunn. An der Nuecht op e Freideg spillt Detroit auswäerts zu Boston géint déi stäerkst Ekipp aus der NBA dës Saison (23 Victoiren, 6 Defaiten). Et ass deemno gutt méiglech, dass Detroit och de "Rekord" vu Philadelphia egaliséiert.