Um Samschde war den Optakt vum 15. Spilldag bei den Hären a vum 13. Spilldag bei den Dammen an der LBBL.

Hären

D'Arantia Fiels ass gutt aus der kuerzer Wanterpaus komm a wënnt auswäerts mat 86:75 géint d'Résidence Walfer. D'Gäscht zéien net nëmmen an der Tabell mam Géigner gläich, mee sécheren sech och nach den direkte Vergläich. No engem ausgeglachene Match hat d'Ekipp vum Trainer Chris Wulff sech am leschte Véierel entscheedend ofgesat. Walfer hat mam Travis Daniels en neie Profispiller am Kader, hien ersetzt de Juwan Howard Jr. Bei de Gäscht aus der Fiels konnt d'Profi-Duo iwwerzeegen, de John Stith (32 Punkten) an de Ryan Ogden (28) hunn zesumme 60 Punkte markéiert.

Den T71 Diddeleng huet sech géint d'Sparta Bartreng direkt am Ufank vum Match e Virsprong erausgespillt. An der Paus louch d'Lokalekipp mat 49:35 a Féierung. No engem 12:0-Laf zum Enn vum drëtte Véierel huet d'Ekipp vum Trainer Yves Defraigne de Match komplett ënner Kontroll bruecht, fir sech um Enn mat 88:69 ze behaapten. Beschte Spiller bei Diddeleng war de Londell King Jr, dee mat 31 Punkten a 14 Rebounds iwwerzeege konnt.

Den AB Conter wënnt kloer mat 102:87 géint d'Kordall Steelers a bleift domat an enger gudder Positioun am Kampf em Plazen am Playoff. Bei de Gäscht huet mam Allin Blunt en neie Profispiller matgespillt. Mat 29 Punkten huet de Greg Milton am beschte getraff fir Conter.

De Basket Esch iwwerrennt de Gréngewald mat 74:45. An der Paus louch d'Lokalekipp scho mat 43:18 a Féierung. De Clancy Rugg an de Jordan Hicks hu béid 18 Punkte geworf fir d'Lokalekipp.

Dammen

Bei den Damme setzt sech de Gréngewald Hueschtert auswäerts mat 84:60 géint de Basket Esch duerch a bleift domat ongeschloen des Saison. 22 Punkten huet d'Amanda Cahill zur Victoire bäigesteiert. Esch huet domat all Chancë verspillt fir des Saison am Playoff dobäi ze sinn.

Den T71 Diddeleng wënnt doheem kloer mat 98:49 géint d'Musel Pikes. D'Mia Loyd huet dobäi 24 Punkte markéiert fir d'Lokalekipp.

Den AB Contern wënnt 74:55 géint Wolz. Stäerkste Spillerin war d'Karly Murphy mat 18 Punkten an 18 Rebounds.

Domat steet bei den Dammen no 13 Spilldeeg fest, wéi eng 6 Ekippen an de Playoffs wäerte vertruede sinn: Hueschtert, Diddeleng, Bartreng, Steesel, Conter a Wolz. An der 6er-Grupp spillt all Ekipp 5 Matcher, duerno spillen déi beschte 4 Ekippen d'Halleffinallen. Esch, d'Musel Pikes an Zolwer spillen an der Op- an Ofstigsgrupp.