Um Sonnde war d'Suite vum 15. Spilldag bei den Hären a vum 13. Spilldag bei den Dammen an der LBBL.

Hären

Am Spëtzematch tëschent der Etzella Ettelbréck an der Amicale Steesel hunn d'Zuschauer e spannende Match gesinn. D'Gäscht haten sech zur Paus e Virsprong vun 8 Punkten erausgespillt (48:40), Ettelbréck huet am drëtte Véierel eng Reaktioun gewisen an sech zeréck gekämpft wouduerch déi lescht Minutten entscheedend sollte ginn. De Jimmie Taylor an de Yann Wolff hunn dofir gesuergt, dass d'Lokalekipp sech 2 Minutte viru Schluss op 9 Punkten ofsetze konnt, de Bob Melcher an den Alex Laurent konnten de Réckstand vu Steesel awer mat Dräier nees op 3 Punkte verkierzen. Mat 9 Sekonnen op der Auer huet de Philippe Gutenkauf eng vun 2 Fote getraff an de Match domat entscheet, um Enn wënnt d'Etzella mat 86:82. Mat 22 Punkte war de Nationalspiller Philippe Gutenkauf de beschte Scorer vu senger Ekipp, an der Tabell kënnt d'Etzella op 1 Punkt erun u Steesel, den direkte Vergläich huet d'Amicale allerdéngs gewonn, de Himatch hat d'Amicale mat 8 Punkten Differenz fir sech entscheet.

E gudden Optakt mat senger neier Ekipp hat den Trainer Darko Ristic. Nodeems hien säin éischte Match virun der Wanterpaus krankheetsbedéngt verpasst hat, konnt de Serb mam Opsteiger Mamer en 87:65 Erfolleg géint d'Musel Pikes feieren. Duerch eng staark Trefferquot vun der Dräipunktelinn konnt sech d'Lokalekipp an der éischter Hallschecht ofsetzen an huet dëse Virsprong nom Säitewiessel geréiert. Mat 30 Punkte konnt de Billy McDaniel iwwerzeegen, de Lavone Holland huet 29 Punkte bäigesteiert.

Dammen

Bei den Damme setzt sech Bartreng auswäerts ouni Probleemer mat 124:64 géint Zolwer duerch. D'Lokalekipp bleift des Saison ouni Victoire, d'Sparta steet weiderhi punktgläich mat Diddeleng op Plaz 2 an der Tabell. 4 Spillerinne vun de Gäscht hu mindestens 18 Punkte markéiert.