Handballnationalekipp prett fir EM-Qualifikatioun
Zanter dem 27. Dezember ass d'Handballnationalekipp beieneen, fir sech op d'EM- a WM-Qualifikatiounsmatcher géint Lettland respektiv Israel ze preparéieren
Den éischten Optrëtt ass en Donneschdeg den Owend a Lettland. Déi lescht Trainingsunitéit virun der Rees an Direktioun Lettland war en Dënschdeg am Nomëtteg um INS an den Depart war e Mëttwoch de Moie ganz fréi.
Déi lescht Stonne virum Depart hu sech déi schlecht Noriichte multiplizéiert. De Yann Hoffmann vum HC Bierchem ass krank a geet net mat a Lettland. De Raphael Guden ass ëmgeknéckst. Hien ass mat op d’Rees gaangen, mee d’Chancë si quasi Null, datt de Réiserbänner an den Asaz kënnt. Den Nationaltrainer Maik Handschke muss kuerzfristeg ëmdisponéieren.
Duerch déi Ausfäll muss ech nees improviséieren. Mir wäerten haut [u.v.d.R. Mëttwoch] a muer [u.v.d.R. Donneschdeg] dru schaffen, da wäert ech meng 1. Formatioun testen oder aspillen déi ech schonn am Kapp hu respektiv meng zwou Formatiounen. Donieft hu mir eis och schonn op eng 5:1-Defense preparéieren an a Lettland musse mir eis op eis Defense fokusséieren.
De Kader ass allgemeng ganz jonk. De Loic Kaysen vu Krefeld kéint d’Roll vum Leader um Terrain bei de Roude Léiwen iwwerhuelen. Et ass ee gespaant wéi d’Etute Bridder vum HB Diddeleng sech wäerten international duerchsetzen an och wéi de Luke Kaysen, deen zu Dormagen an Däitschland aktiv ass, sech integréiert.
Den neie Kapitän fir dës Campagnen ass de Bierchemer Ben Weyer. Hie stéiert et net, datt den éischte Match auswäerts gespillt gëtt.
Dat kann e Virdeel sinn an deem Sënn, well een de Réckmatch doheem huet, fir vläicht eppes erëm gutt ze maachen oder Ännerunge virzehuelen. Anerersäits, wann een direkt auswäerts eng richteg laanscht d'Bake kritt, da gëtt et awer schwéier och doheem. Also ech denken net, dass dat elo e rise Virdeel ass, mee ech hu grad esou gär den Auswäertsmatch scho gespillt an dann doheem nach eng Kéier alles erageheien.
Am Kader vun der leschter WM-Qualifikatioun hate virun 2 Joer Lëtzebuerg a Lettland 30:30 gedeelt. Et ginn deemno déi nächst Deeg zwee ganz serréiert Dueller erwaart.
No den Optrëtter géint d’Letten heescht de Géigner Israel am Kader vun der WM-Qualifikatioun. Déi Dueller goufe wéinst dem Krich verluecht a wäerten allebéid an der Coque gespillt ginn. Déi Partië si fir de 17. respektiv 18. Januar programméiert.
Op RTL kënnt Dir d'Matcher am Livestream suivéieren.