An der Prequalifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2026 am Handball hunn d'Rout Léiwen en Donneschdeg missten a Lettland untrieden.

Lëtzebuerg huet sech schwéier gedoen a koum ganz schlecht an de Match. No fënnef Minutten hat een e Retard vun dräi Goler bei 1:4 fir Lettland. Nodeem d'Rout Léiwen de Start e bësse verschlof haten an hinnen och am Ufank d'Reussite gefeelt huet, esou si se an de Minutten dono awer besser an d'Partie komm, no enger Véierelsstonn louche si nach just 7:8 am Réckstand. Och de Rescht vun der éischter Hallschent waren d'Lëtzebuerger gutt mat dobäi, dat awer och wéinst dem Herrmann am Gol, dee méi wéi eng Kéier duerch seng gutt Paraden opgefall ass. Esou ass et mat engem 13:13 an d'Paus gaangen.

Déi zweet Hallschent ass dann eng weider Kéier net ideal fir d'Lëtzebuerger gestart. Vun den zwee Mol zwou Minutten direkt nom Säitewiessel géint d'Rout Léiwen hunn d'Lette profitéiert a sech d'Féierung nees zeréckgeholl. No eppes méi wéi enger dräivéierel Stonn louchen d'Letten nees mat véier Goler am Avantage, datt beim Stand vun 22:18. An der Schlussphas konnt d'Heemekipp de Virsprong dann nach weider ausbauen a wënnt esou verdéngt mat 32:25 géint d'FLH-Formatioun.

FLH-Selektioun verléiert a Lettland / Reportage Gilles Tricca

Fir d'Lëtzebuerger bleift da vill Aarbecht am Retourmatch, deen e Sonndeg am Gymnase vun der Coque gespillt gëtt. Och dee kënnt Dir am Livestream op RTL.lu suivéieren.