Um Freideg Owend hat den HB Diddeleng invitéiert, fir matzedeelen, datt dësen als Rekordchampion an absolutten Traditiounsveräin en neie Wee wëll goen.

Erausgestach hunn d’Presentatioun vun engem neie Logo, och d'Homepage mat engem neien a moderne Look stoung am Mëttelpunkt an eng nei Faarf, fir den HBD ze kennzeechnen.

Et war vill Prominenz beim Event "HBD Reloaded", ënner anerem de Sportminister Georges Mischo, de Buergermeeschter vun Diddeleng Dan Biancalana oder de President vun der FLH Dr Romain Schockmel.

Dës Saison huet den Diddelenger Veräin am Härechampionnat iwwerrascht duerch staark Resultater an dat mat quasi nëmme Spiller, déi zu Diddeleng grouss gi sinn.

Déi Philosophie, d’Spiller an d’Spillerinnen aus der eegener Jugend bei der éischter Ekipp oplafen ze loossen, ass ganz kloer ee vun der Ziler vum Traditiounsveräin. Beim Rebranding gouf och en neit Maskottche presentéiert an déi neien Trikote goufen virgestallt.

Mat ronn 60 Joer ass deemno den ale Logo vum HB Diddeleng, wéi munch anerer an deem Alter, an d’Pensioun gaangen. D’Supporter vum Rekordchampion hoffen, datt och deen neie Logo esou vill Succèse wäert mat sech bréngen wéi säi Virgänger.