Käerjeng klappt Diddeleng am Spëtzematch

© Gilles Tricca
E Samschdeg stoung am nationalen Handballchampionnat vun den Dammen den 11. Spilldag um Programm.
Axa League Dammen
Käerjeng huet sech am Spëtzematch mat 29:24 géint den HB Dideleng behaapt a steet elo mat dräi Punkte Virsprong op der éischter Tabelleplaz. No der iwwerraschender Defaite géint Déifferdeng um leschte Spilldag war Dideleng e Samschdeg am Spëtzematch gefuerdert eng Reaktioun ze weisen a sech d'Tabelleféierung nees zréckzehuelen. Den erwaarte spannende Match ass et an der Hal zu Käerjeng och vun Ufank u ginn. D'Lokalekipp hat zwar ëmmer nees e liichte Virsprong, deen zur Paus no 30 Minutten awer nach vun den Diddelenger konnt egaliséiert ginn. An der zweeter Hallschent vum Match war den HB Käerjeng dann nees déi méi effektiv Ekipp. Si konnten dee klengen Ecart bäibehalen a sech um Enn déi wichteg Victoire géint den direkte Konkurrent sécheren.
Fir de CHEV Dikrech gouf et dann eng kloer 30:13-Victoire géint den HB Bieles an den HB Esch huet sech ouni Problemer mat 38:23 géint den HC Standard behaapt.
Am leschte Match vum Samschdegowend hu sech dann nach d'Red Boys vun Déifferdeng kloer mat 29:18 als Gaascht beim HB Museldall duerchgesat.