No interne Probleemer huet een zu Bartreng decidéiert, sech vum Amerikaner Malek Green ze trennen.

Mam Isaiah White ass awer schonn en Ersatz ukomm. De 26 Joer alen Amerikaner ass keen Onbekannten. Hien huet schonn 2023 fir d’Sparta gespillt, éier hie sech blesséiert hat an ersat gouf.

De Bartrenger President Romain Hoffmann betount an dësem Zesummenhang, datt si fir d‘Halleffinall e Sonndeg just mam Thomas Hassan an dem Isaiah White als Profi untrieden.

Och de Romain Seiler, President vum Géigner US Hiefenech, widderleet all Gerüchter. Si trieden och just mat 2 Profien un.