Déi international Liichtathletik trauert ëm de fréiere Stafhéichsprong-Weltmeeschter Shawnacy "Shawn" Barber.

De Kanadier ass e Mëttwoch a sengem Haus am US-Bundesstaat Texas am Alter vun nëmmen 29 Joer gestuerwen, dat huet säi Beroder Paul Doyle matgedeelt. U wat de fréiere Weltklass-Athleet genee gestuerwen ass, ass bis ewell net bekannt. Wéi et vun der Liichtathletik-Sektioun vu senger fréierer Universitéit Akron am US-Bundesstaat Ohio heescht, soll hien "u medezinesche Komplikatiounen" gestuerwe sinn. De Sportler soll zanter enger Zäit krank gewiescht sinn, huet et weider geheescht.

De Barber, deen och am Besëtz vun engem US-Pass war a sech viru 7 Joer als homosexuell geout huet, hat bei der WM 2015 zu Peking Gold am Stafhéichsprong gewonnen. Dat nämmlecht Joer huet de Barber och bei de Panamerikanesche Spiller zu Toronto den Titel gewonnen. Op den Olympesche Spiller 2016 zu Rio de Janeiro war hien net iwwert déi zéngte Plaz erauskomm.

2020 hat hien e Schlussstréch ënnert seng sportlech Karriär gezunn.

An de sozialen Netzwierker ass d'Trauer grouss.