Wat muss geschéien, fir an Zukunft nach besser ze ginn?

© Serge Olmo
Déi Lëtzebuerger Hären-Handball-Nationalequipe huet an de leschten 7 Deeg bei 4 Matcher an der EM- a WM-Qualifikatioun hiert Potential gewisen.
Dat an de Matcher géint Lettland a géint Israel. Elo gëllt et dorop opzebauen, fir an Zukunft nach weider no vir ze kommen.
Am Retourmatch géint Lettland, an am Allermatch géint Israel huet d'Ekipp ronderëm de Kapitän Ben Weyer richteg staark Leeschtunge gewisen. 4 Matcher an 7 Deeg ass natierlech enorm, ma ofgesinn dovunner, spillt de physeschen Aspekt op internationalem Plang ëmmer eng wichteg Roll. De President vun der Federatioun, den Dokter Romain Schockmel, dee bis dato nach ëmmer deen eenzege Lëtzebuerger ass, deen an der éischter Däitscher Bundesliga gespillt huet, ass e grousse Fervent dovun, méi e professionellt Denken an Handelen am Lëtzebuerger Sport an eben och am Handball ze hunn.
De grousse Succès vun esou engem klenge Land wéi zum Beispill de Färöer Inselen, déi elo och op der Europameeschterschaft an Däitschland dobäi waren, kënnt dohier, datt do vun den U-12 un, d'Nationalkaderen e komplette Staff ronderëm sech hunn, mat Trainer, Co-Trainer, Prepatareur physique, Kiné asw. Et kënnt eben Näischt vun Näischt, an dann ass d'Matchpraxis och e wichtege Punkt bei deene Jonken, seet de fréieren Handballnationalspiller an aktuell riets Band Dan Scheid.
Sou wéi et och an aneren Ekippee-Sportaarte schonn de Fall ass, ass et och fir den Handball wichteg fir an Zukunft nach ëmmer besser ze ginn, datt ëmmer méi Jonker de Wee an d'Ausland fannen, fir do bei Profiklibb mat staarker Konkurrenz forméiert a gefërdert ze ginn.