Nom 12. Spilldag bleiwe Käerjeng an Diddeleng vir un der Spëtzt. Dikrech gewënnt de Match ëm Plaz 3 géint Déifferdeng an Esch klappt Bieles.

Axa League Dammen
Am Kampf ëm Plaz 3 gewënnt de Chev Dikrech de Retourmatch géint Déifferdeng mat 23:19. Ouni d'Kapitänin Lola Scheuren huet Déifferdeng sech immens schwéier gedoen. No enger ausgeglachener Ufanksphas konnt d'Ekipp vum haitegen Trainer Laurent Melchior no 12 Minutten eng éischt Kéier mat zwee Goler a Féierung goen, mee et sollt déi lescht bleiwen. Dikrech huet vun zwou Zäitstrofe fir Déifferdeng profitéiert an de Score bannent 9 Minutten zu senge Gonschte gedréint – aus engem 5:7 gouf en 11:7. Mat 14:10 fir d'Gäscht goung et an d'Kabinnen. Dass Déifferdeng an der éischter Hallschent just 10 Goler gelonge sinn, louch och un der staarker Golkipperleeschtung vun der Chloé Hegesippe.

An den zweeten 30 Minutten huet de Chev säi Match weider duerchgezunn an huet sech vun der Disqualifikatioun vum Sophie Elcheroth (3 Zäitstrofen) net aus der Rou brénge gelooss. Déifferdeng war virum Gol net konsequent genuch an huet sech ze vill technesch Feeler erlaabt. Duerch dës Victoire steet Dikrech elo op der drëtter Plaz virun Déifferdeng; si hunn am direkte Verglach ee Gol méi geschoss (Allermatch 17:20)

Den Tabelleleader HB Käerjeng setzt sech um Enn ouni Problem mat 37:20 géint den HC Standard duerch – tëschenzäitlech hu sech d'Spectateuren awer d'Ae geriwwen. Den Tabellevirleschte Standard hat ënnert der Woch en Nodrosmatch géint de Museldall knapp 24:23 gewonnen, wat hinne wuel den Impuls ginn huet, fir de Match an der éischter Hallschent ausgeglach ze gestalten. D'Ekipp vum Trainer Jörg Tomaschek louch phaseweis vir an huet Käerjeng d'Liewe schwéier gemaach. D'Lokalekipp louch zur Paus just 15:12 vir.

D'Käerjengerinnen, bei deene vill Spillerinnen aus der Stammformatioun gefeelt hunn, sinn awer mat engem 10:0-Laf an den zweeten Duerchgang gestart an hunn domat de Grondstee fir déi schlussendlech kloer Victoire geluecht.

Den Titelverdeedeger HB Diddeleng huet sech am neie Look kloer mat 30:11 géint den HB Museldall behaapt. Déi éischt 15 Minutte war de Match ganz serréiert an et huet bis zur 23. Minutt gedauert, bis de Favorit Diddeleng sech eng éischt Kéier mat 3 Goler ofsetze konnt. Beim Stand vun 12:7 goung et an d'Kabinnen.

Den HBD huet de Sak an den éischten 10 Minutte vum zweeten Duerchgang zougemaach a sech eng komfortabel Avance erausgespillt. Beim 30:11 sinn dem Doreen Parisot fir den HBD déi meescht Goler (7) gelongen.

Am leschte Match vum Spilldag huet sech den HB Esch souverän mat 34:15 beim HB Bieles duerchgesat a ka sech domat vum HB Museldall ofsetzen an d'Plaz 5 festegen.

Spillplang Dammen