An der NBA huet de Joel Embiid an der Nuecht op en Dënschden eng besonnesch Leeschtung ofgeliwwert.

Den aktuellen MVP (wäertvollste Spiller) vun der Liga huet bei der 133:123-Victoire géint d'San Antonio Spurs 70 Punkte markéiert. De Spiller vun de Philadelphia 76ers huet dobäi 25 Kierf (1 Dräier) markéiert, donieft huet hien 21 vun 23 Fote getraff. Den 2,13 Meter groussen Center spillt eng staark Saison an huet gutt Chancen, d'Auszeechnung als MVP eng weider Kéier ze gewannen. Et ass eréischt déi 14. Kéier dass e Spiller an der NBA 70 Punkten oder méi markéiert.

Op den Dag genee virun 18 Joer hat de Kobe Bryant eng legendär Show ofgeliwwert an 81 Punkte markéiert. De Rekord fir déi meescht Punkten an engem Match hält de Wilt Chamberlain, deen am Joer 1962 onfaassbar 100 Punkten um perséinleche Kont stoen hat.