De Gréngewald wënnt kloer géint d'Kordall Steelers

Um Mëttwoch stoung e virverluechte Match vum 20. Spilldag an der LBBL bei den Hären um Programm.
Am Duell tëschent dem Gréngewald Hueschtert an de Kordall Steelers stoungen sech 2 Ekippe géintiwwer, déi virum Match punktgläich um Enn vun der Tabell stoungen.
D'Lokalekipp ass staark an d'Partie gestart an huet sech fréi kënnen ofsetzen. Mat 10 Dräier an der éischter Hallschecht konnt sech de Gréngewald e 54:36 Virsprong eraus spillen. Dëse Virsprong konnt Hueschtert bis zum Schluss vum Match geréieren, bei de Gäscht huet et un der Reussite gefeelt fir sech nach emol zeréck ze kämpfen. Um Enn wënnt d'Lokalekipp däitlech mat 100:80. D'Profiduo Tristin Walley (31 Punkten) a Maurice Calloo (29) war net ze stoppen, donieft huet de Gréngewald 17 Dräier getraff.
Duerch des Victoire kann sech Hueschtert zumindest nach Hoffnunge maache fir de Sprong an d'Play-offs ze packen, dofir brauch d'Ekipp vum Trainer Ricky Easterling iwwer déi nächst Wochen allerdéngs weider Erfolleger.