An der LBBL bei den Damme war e Samschden den Optakt vum 18. Spilldag.

Dammen

Et ass de leschte Spilldag vun der regulärer Saison, ab nächster Woch spillen déi bescht 6 Ekippen an de Play-offs géinteneen. An dës Play-offs start den Tabellenéischte Gréngewald Hueschtert ongeschloen. D'Ekipp vum Trainer Francois Manti setzt sech um Samschdeg géint d'Sparta Bartreng duerch a huet domat eng perfekt Bilanz vu 16 Victoiren a kenger eenzeger Defaite.

Kuerz no der Paus huet sech bei der Lokalekipp d'Samantha Logic blesséiert a konnt net weiderspillen. Bartreng huet d'Féierung fir e kuerze Moment iwwerholl, mee de Champion setzt sech um Enn mat 93:80 duerch. D'Lisy Hetting huet dobäi 24 Punkte markéiert.

Den T71 Diddeleng séchert sech no enger däitlecher 103:68-Victoire géint d'Amicale Steesel déi zweet Plaz an der Tabell. Diddeleng huet de Match mat engem staarken zweete Véierel (34:11) fréi entscheet. D'Mia Loyd war mat 32 Punkten net ze stoppen. Steesel steet aktuell op der 4. Plaz, kéint awer um Sonndeg nach vum AB Conter iwwerholl ginn.

De Resumé vum Match Diddeleng géint Steesel
Den T71 huet sech kloer mat 103:68 duerchgesat.

Wolz setzt sech auswäerts mat 77:63 géint d'Musel Pikes duerch. 29 Punkte stoungen um Enn um Kont vum Nicole Fransson.

Zum Ofschloss vum Spilldag konnt sech e Sonndeg den AB Conter auswäerts mat 77:55 géint de Basket Esch duerchsetzen. Domat iwwerhellt d'Ekipp vun der Trainerin Fabienne Fuger d'Amicale Steesel a séchert sech virum Optakt vun de Play-offs déi 4. Plaz an der Tabell. D'Gäscht hunn sech fréi am Match ofgesat a gewanne souverän, mat 31 Punkten huet d'Karly Murphy am beschte getraff.

Hären

An der Nationale 2 war den éischte Spilldag vum Playoff Montée. Hei konnt Schieren sech relativ däitlech mat 102:81 géint Zolwer duerchsetzen a Miersch huet ech an engem spannende Match 72:69 géint de Racing behaapt. Nach méi knapp war et am Match tëscht Hiefenech a Munneref, wou d'Heemekipp mat 67:66 d'Iwwerhand behält.