Den Osten wënnt déi 73. Editioun vum All Star Game

An der Nuecht op e Méindeg stoung zu Indianapolis déi 73. Editioun vum "All Star Game" an der NBA um Programm.
Anescht wéi an de Jore virdrun war et des Kéier nees e Match tëschent de beschte Spiller aus dem Osten (Eastern Conference) an de beschte Spiller aus dem Westen (Western Conference).
Mat engem neie Rekordscore vun 211:186 setzt sech d'Ekipp aus dem Oste ronderëm de Kapitän Giannis Antetokounmpo duerch. Den Titel vum MVP konnt sech den Damian Lillard vun de Milwaukee Bucks sécheren, hie koum op 39 Punkten, dorënner 11 Dräier. Fir de Kapitän vum Westen, Lebron James, war et déi 20. Nominéierung, en neien NBA-Rekord.
Niewent dem Match ginn et traditionell weider Highlights um All Star Weekend. Beim Dunk Contest konnt de Mac McClung aus der G-League säin Titel verdeedegen, dat ënner anerem mat engem spektakulären Dunk iwwer déi 2.16 Meter grouss NBA-Legend Shaquille O'Neal.
Den 3-Punkte-Contest wënnt den Damian Lillard vun de Milwaukee Bucks, och hie konnt dësen Titel fir déi zweete Kéier noenee feieren. Eng Neiegkeet war e spezielle Shootout tëschent dem Sabrina Ionescu an dem Stephen Curry, hei konnt sech de Spiller vun de Golden State Warriors duerchsetzen. Bei der Skills Challenge wënnt d'Heemekipp d'Indiana Pacers den Titel.