Hueschtert wënnt géint Diddeleng, Bartreng klappt Steesel
Um Samschdeg war an der LBBL bei den Dammen den Optakt vum 2. Tour vun der Qualifikatioun.
Dobäi koum et zum Spëtzematch tëscht dem Gréngewald Hueschtert an dem T71 Diddeleng. D'Supporter hunn e séiere Match mat ville Punkten ze gesi kritt. An der éischter Hallschent konnten d'Gäscht sech tëschenzäitlech e Virsprong vun 8 Punkten erkämpfen, an der Paus louch Diddeleng 47:44 a Féierung.
Och nom Säitewiessel ass et enk bliwwen an d'Entscheedung sollt eréischt an der leschter Minutt falen. Nodeems d'Samantha Logic d'Lokalekipp mat 2 Foten a Féierung bruecht huet, hat Diddeleng nach eng Chance de Match ze dréinen. D'Shalonda Winton huet de Ball no engem Aworf aus kuerzer Distanz awer net era gesat an de Gréngewald konnt jubelen. Mat dëser 93:91-Victoire séchert sech de Champion déi 1. Plaz an der Tabell an domat Heemvirdeel an der Halleffinall an och an enger méiglecher Finall. Den Trio Samantha Logic (28 Punkten), Lauren Van Kleunen (25) an Amanda Cahill (24) war op en Neits net ze stoppen.
No engem staarke leschte Véierel (44:8) setzt sech d'Sparta Bartreng mat 107:76 géint d'Amicale Steesel duerch. D'Marta Burse konnt mat 48 Punkten iwwerzeegen.
Den AB Conter wënnt mat 66:58 géint Wolz. Dobäi war d'Karly Murphy mat 22 Punkten a 17 Rebounds déi stäerkste Spillerin um Terrain. Bei de Gäscht hu 5 Spillerinnen déi komplett 40 Minutte gespillt.