Basketball-Championnat
Diddeleng wënnt däitlech géint Steesel

© RTL-Archivbild
Um Freideg war an der LBBL bei den Dammen den Optakt vum 2. Spilldag vum 2. Tour vun der Qualifikatioun.
Den T71 Diddeleng setzt sech mat 101:67 géint d'Amicale Steesel duerch. D'Lokalekipp huet sech direkt am éischte Véierel e Virsprong erausgespillt (25:15). Duerno war d'Partie 20 Minutte laang ausgeglach, am leschte Véierel huet Diddeleng den Tempo nach emol ugezunn a sech um Enn kloer behaapt. An dësem Véierel huet den T71 net manner wéi 38 Punkte geworf.
32 Punkte stoungen um Enn um Kont vum Mia Loyd vun Diddeleng, d'Catherine Mreches konnt 20 Punkte bäisteieren.
Um Samschdeg spillen nach Bartreng géint Conter a Wolz géint Hueschtert.
Am meeschte gelies