Um Sonndeg war d'Suite vum 21. Spilldag an der LBBL bei den Hären.

D'Etzella Ettelbréck setzt sech um Sonndeg 96:75 géint Mambra Mamer duerch. Bei de Gäscht huet ënner anerem de Profi Antunio Bivins verletzungsbedéngt gefeelt. No engem gudde Start vu Mamer huet d'Etzella de Match am zweete Véierel ënner Kontroll bruecht an um Enn souverän gewonnen. De Brandon Johnson (25 Punkten), Jimmiey Taylor (23) a Philippe Gutenkauf (21) hunn zesummen 69 Punkte markéiert. Duerch des Defaite spillt Mamer am Play-down géint d'Musel Pikes, d'Kordall Steelers an de Gréngewald Hueschtert. Freeën dierf sech d'Sparta Bartreng, déi no der Victoire géint Walfer um Samschden-Owend elo definitiv am Playoff wäerten untrieden. Déi 8 Ekippen, déi em den Titel spille wäerten, stinn domat fest, um leschte Spilldag vun der regulärer Saison nächste Weekend geet et fir verschidde Veräiner nach em d'Placéierung an der Tabell.

D'Etzella Ettelbréck setzt sech um Sonndeg 96:75 géint Mambra Mamer duerch.

Am Match tëschent de Kordall Steelers an de Musel Pikes ass et em wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig gaangen, béid Ekippe wäerten sech am Playdown géintiwwer stoen. No enger ausgeglachener Partie hunn sech d'Gäscht vun der Musel an de leschte Minutten ofgesat a wannen um Enn mat 94:82. Mat dëser Victoire zéien d'Pikes an der Tabell mam Géigner gläich. 24 Punkten hat de Profi Jalen Green um Kont, och de Raphael Martin konnt mat 20 Punkten iwwerzeegen. D'Tara Booker huet op der Bänk aus private Grënn gefeelt, dofir huet de Jean Liberatore d'Ekipp gecoacht. De Leader Amicale Steesel séchert sech um Samschdeg um zweetleschte Spilldag vun der Qualifikatioun déi 1. Plaz an der Tabell an domat Heemvirdeel an all méiglecher Serie an de Play-offs. D'Ekipp vum Trainer Daniel Brandao setzt sech däitlech mat 107:71 géint den T71 Diddeleng duerch. Schonn an der Paus louch d'Lokalekipp mat 60:36 däitlech am Avantage. Bei de Gäscht huet mam AJ Cheeseman en neie Profispiller matgespillt, seng 31 Punkte konnten déi däitlech Defaite net verhënneren. Bei Steesel hunn 11 Spiller Punkte markéiert, de Jarvis Williams hat 29 Punkten um perséinleche Kont stoen.

Méi spannend war de Match tëschent der Sparta Bartreng an der Résidence Walfer. Keng Ekipp konnt sech am Laf vum Match ofsetzen. Eréischt am véierte Véierel hat Bartreng e staarke Laf a konnt sech schlussendlech mat 87:74 behaapten. Bei der Lokalekipp huet den neie Profispiller Isaiah Wilkins säin Debut ginn, hie koum op 17 Punkten a ronn 21 Minutten um Terrain. Niewent dem Isaiah White, deen 25 Punkte markéiert huet, konnt de Yannick Verbeelen vun der Lokalekipp mat 18 Punkten iwwerzeegen. Wa Mamer um Sonndeg zu Ettelbréck verléiert, steet Bartreng am Play-off.

De Resumé vun der Partie Sparta géint Walfer
Réischt am véierte Véierel hat Bartreng e staarke Laf a konnt sech schlussendlech mat 87:74 behaapten.

D'Arantia Fiels huet sech géint de Gréngewald Hueschtert fréi ofgesat a wënnt um Enn mat 94:70. Dobäi konnt de Vic Heuschling 28 Punkten zur Victoire vu senger Ekipp bäisteieren.

De Basket Esch setzt sech auswäerts mat 95:78 géint den AB Conter duerch a verdeedegt domat déi wichteg 4. Plaz an der Tabell. De Clancy Rugg (26 Punkten) an den Thomas Grün (22) hunn als Duo iwwerzeegt.

Dammen

Bei den Damme war et um Samschden d'Suite vum 2. Spilldag vum 2. Tour vun der Qualifikatioun. D'Sparta Bartreng wënnt e wichtege Match géint den AB Conter. Nodeems sech déi zwou Ekippen de ganze Match iwwer näischt geschenkt hunn an d'Resultat Spannung fir d'Schlussphas versprach huet, konnt d'Lokalekipp sech am leschte Véierel entscheedend ofsetzen a wënnt um Enn mat 64:55. Op en Neits huet d'Marta Burse mat 26 Punkten am Beschte getraff fir d'Ekipp vu Bartreng. Mat dëser Victoire huet d'Sparta e Virsprong vun 2 Punkten op den direkte Konkurrent an zitt mat Diddeleng op der zweeter Plaz gläich.

D'Sparta huet Conter mat 64:55 geklappt.

De Leader Gréngewald Hueschtert setzt sech auswäerts mat 94:59 zu Wolz duerch a bleift domat ongeschloen. 11 Spillerinne vun de Gäscht hu Punkte markéiert, d'Amanda Cahill konnt 21 Punkten zur Victoire bäisteieren. Wolz huet schonn no 2 Spilldeeg keng Chance méi sech fir d'Halleffinallen ze qualifizéieren.

Um Freideg hat Diddeleng sech scho mat 101:67 géint Steesel behaapt.