An der NBA huet de LeBron James e weideren historesche Beschtwäert erreecht.

De Superstar vun de Los Angeles Lakers huet an der Nuecht op e Sonndeg de Seuil vu 40.000 markéierte Punkten an der regulärer Saison geknackt, hien ass den éischte Spiller an der Geschicht vun der NBA, deem dat geléngt. Bei der 114:124-Defaite vun de Lakers géint de Champion Denver Nuggets koum den James op 26 Punkten a steet elo bei 40.017 Punkten an der Karriär. Den 39 Joer ale Spiller ass a senger 21. Saison an der beschte Basketballliga op der Welt an ass weiderhin ee vun den Toppspiller.

D'Punkten, déi d'Spiller an de Play-offs markéieren, gi vun der NBA an der Punktewäertung net matgezielt. Och an der Play-off-Lëscht steet de LeBron James ganz uewen, dat mat 8.023 Punkte virum Michael Jordan, deen a senger Karriär bei 5.987 Punkte steet. Insgesamt kéint hien deemno an e puer Wochen op en Total vu 50.000 Punkten an der Karriär kommen.

An senger Karriär huet de LeBron James fir 3 Ekippe gespillt: Cleveland Cavaliers, Miami Heat a Los Angeles Lakers. Mat Miami huet hien zwee Titele gewonnen, mat Cleveland a Los Angels jeeweils een. 20 Mol gouf hie fir den All Star Game nominéiert, 4 MVP-Titele konnt hie gewannen. Eng beandrockend Karriär, déi ëmmer nach amgaangen ass an dofir kéint och deen een oder anere Rekord nach dobäi kommen.

Iwwersicht Top 10 (Punkten an der NBA)

  1. LeBron James 40017
  2. Kareem Abdul-Jabbar 38387
  3. Karl Malone 36928
  4. Kobe Bryant 33643
  5. Michael Jordan 32292
  6. Dirk Nowitzki 31560
  7. Wilt Chamberlain 31419
  8. Shaquile O'Neal 28596
  9. Kevin Durant 28342
  10. Carmelo Anthony 28289

Nëmmen de LeBron James an de Kevin Durant sinn nach aktiv aus der Top 10. Gesamtpunkte mat Play-offs.