No der Champions League en Dënschdeg an e Mëttwoch sinn et en Donneschdeg d'Allersmatcher vun den Aachtelsfinallen an der Europa a Conference League.

Mat der Union Saint-Gilloise an dem Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris ass och nach ee Lëtzebuerger an der Conference League mat dobäi.

Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris/Reportage Sam Rickal

Nodeems de Veräin aus der belscher Haaptstad am leschten Tour Eintracht Frankfurt eliminéiere konnt, kréie Moris a Co. et dësen Tour mat Fenerbahce Istanbul ze dinn. Fir de fréiere Spiller vun der Union Saint-Gilloise an FLF-President Paul Philipp schwätzt och dësen Tour quasi näischt géint e Weiderkommen, ausser déi dräifach Belaaschtung aus Championnat, Coupe an internationalem Geschäft.

"Nee absolut net, wann een de Parcours kuckt, dee si bis elo gemaach hunn. Si hunn Eintracht Frankfurt verdéngt rausgehäit. Dat eenzegt, wat géint si schwätzt, ass dee klenge Kader. Si danzen nach op dräi Hochzäiten. Am Championnat si si Tabelleleader, elo kuerz virun de Playoffs. Do ginn an der Belsch d'Punkte gedeelt. Déi vill Matcher kéinten ee Problem sinn, mee ech mengen awer, datt d'Union Saint-Gilloise kapabel ass, géint Fenerbahce weiderzekommen."

Duerch seng staark Prestatiounen huet och de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris ee groussen Undeel um Succès vum belschen Tabelleleader, deen hie mëttlerweil och dacks als Kapitän op den Terrain féiert.

"Hien ass richteg an dee Club, an déi Ekipp eragewuess. Et ass ee familiäre Veräin, dee bei den Anthony passt. Hie brauch d'Vertraue vum Club, vun de Matspiller an de Spectateuren. Seng Leeschtunge schwätze fir sech a ginn honoréiert. Beim Anthony spillt sech Villes am Kapp of a wann een hie kennt, da weess een, datt hien doduerch méi staark gëtt. Hie wierkt dacks esou cool, wann hien de Ball mam lénke Fouss hannen degagéiert, mee dat ass net ëmmer de Fall."

Gespillt gëtt den Donneschdeg den Owend ëm 21 Auer am Lotto Park, dem Stadion vum RSC Anderlecht, well de Stadion vun der Union Saint-Gilloise net UEFA-reegelkonform ass.