Um Samschdeg stoung an der LBBL bei den Hären den 22. Spilldag an domat den Ofschloss vun der Qualifikatioun um Programm.

Resumé Basket / Reportage Shari Schenten

Hären

D'Résidence Walfer wënnt no engem ëmkämpfte Match mat 81:75 géint den AB Conter. D'Gäscht ware staark an de Match gestart a louche schnell 13:4 a Féierung, duerno huet Walfer reagéiert an et huet sech e spannende Match entwéckelt. D'Nervositéit war op béide Säiten ze spieren, um Enn huet sech Walfer knapp duerchgesat. 27 Punkte vum Leon Ayers an e staarken Oliver Vujakovic (13 Punkten, 8 Assists) hunn dofir gesuergt, dass Walfer als Tabellevéierten wäert Heemvirdeel an der Véierelsfinall hunn. Conter fält dogéint op déi 7. Plaz zeréck.

De Basket Esch séchert sech déi drëtte Plaz an der Ofschlosstabell, dat no enger 86:78 Victoire géint d'Etzella Ettelbréck. Fir d'Gäscht stoung scho virum Spilldag fest, dass si déi zweete Plaz wäerten hunn. 5 Spiller vun Esch hu méi wei 10 Punkte markéiert, de Clancy Rugg hat 20 Punkten um perséinleche Kont stoen. Den Tabelleleader Amicale Steesel wënnt auswäerts mat 104:96 géint Mamer. De Kim Aiken Jr. an de Bob Melcher hu jeeweils 23 Punkte fir Steesel markéiert.

De Basket Esch séchert sech déi drëtte Plaz
Esch spillt an den 1/4-Finallen géint Diddeleng, Ettelbréck géint Contern

D'Arantia Fiels setzt sech auswäerts mat 90:86 géint d'Musel Pikes duerch. Duerch des Victoire sprengt d'Fiels op déi 5. Plaz an der Tabell.

Den T71 Diddeleng wënnt mat 103:87 géint d'Kordall Steelers a bleift domat op der 6. Plaz an der Tabell. De Joshua McFolley war net ze stoppen a koum op 44 Punkten, dorënner 7 Dräier.

Ouni Profispiller ass d'Sparta Bartreng an de Match géint de Gréngewald Hueschtert gaangen. D'Lokalekipp hat allerdéngs och Pech, nom Tristin Walley senger Verletzung no ronn 5 Minutten hat d'Lokalekipp och just nach ee Profi zur Verfügung. Um Enn wënnt de Gréngewald mat 99:89, doduerch geet Bartreng als 8. an de Play-off an trëfft op Steesel.

D'Véierelsfinalle bei den Hären am Iwwerbléck

(Placéierung a Klammeren)

(1) Amicale Steesel - (8) Sparta Bartreng
(2) Etzella Ettelbréck - (7) AB Contern
(3) Basket Esch - (6) T71 Diddeleng
(4) Résidence Walfer - (5) Arantia Fiels

Den Optakt vun de Véierelsfinallen, déi am "Best-of-3" Modus gespillt ginn, ass den 23. Mäerz.

Dammen

Bei den Damme stoung um Samschdeg den drëtte Spilldag vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun um Programm.

Den T71 Diddeleng setzt sech mat 79:69 géint d'Sparta Bartreng duerch. Domat huet d'Ekipp vum Trainer Jérôme Altmann gutt Chancen op der zweeter Plaz an d'Halleffinallen ze starte wou de Géigner d'Sparta Bartreng wäert sinn. D'Lokalekipp louch am véierte Véierel komfortabel a Féierung (64:47), d'Gäscht vu Bartreng sinn awer nach emol zeréck komm a ware bis op 1 Punkt drun (70:69). Diddeleng huet de Match op der Fräiworflinn fir sech entscheet an sech domat dës wichteg Victoire geséchert. D'Mia Loyd war op en Neits mat 26 Punkten déi stäerkste Spillerin beim T71.

Diddeleng klappt Sparta an huet der 1/2-Finall domat Heemrecht
Beid Ekippen treffen an der 1/2-Finall vum Championnat géinteneen. Generalprouf huet den T71 fir sech entscheet.

De Leader Gréngewald Hueschtert bleift ongeschloen, dat no enger däitlecher 78:62 Victoire géint den AB Conter. 25 Punkten hat d'Amanda Cahill um Enn um perséinlech Kont.

D'Amicale Steesel iwwerrennt Wolz mat 96:57, d'Alexia Allesch konnt mat 31 Punkten an 18 Rebounds iwwerzeegen. Steesel a Conter kämpfen op den nächsten zwee Spilldeeg em déi 4. Plaz an der Tabell. Wien sech dës Plaz séchere kann, spillt an der Halleffinall géint de Champion Gréngewald.