D'Lëtzebuerger Nationalspillerin Anne Simon huet sech an der Nuecht op e Samschdeg e groussen Dram erfëllt.

Mat der Universitéit vu Maine huet d'Anne Simon de Meeschtertitel an der "America East"-Divisioun gewonnen a sech domat gläichzäiteg fir de berüümte March-Madness-Tournoi qualifizéiert. Bei dësem gréisste College-Tournoi an den USA spillen déi 68 stäerksten Ekippe géinteneen. All Match ass eng kleng Finall, nëmmen de Gewënner vun all Ronn kënnt an den nächsten Tour. Maine kéint am éischten Tour op d'Topp-Ekipp Iowa falen, d'Matcher ginn eréischt an der Nuecht op e Méindeg offiziell bestätegt.

An der Finall vun der "America East"-Divisioun huet sech Maine virun 1.500 Fans mat 64:48 géint Vermont duerchgesat. D'Anne Simon koum dobäi op 15 Punkten, 7 Rebounds a 4 Assists, eng weider staark Leeschtung.

Mat hire Leeschtungen huet d'Lëtzebuerger Spillerin déi ganz Saison iwwer fir Schlagzeile gesuergt. D'Simon gouf zur Spillerin vum Joer (player of the year) an zur beschter Verdeedegerin (defensive player of the year) gewielt. Beim March-Madness-Tournoi huet d'Lëtzebuergerin elo d'Méiglechkeet, hir Qualitéiten op enger grousser Bün ze weisen. Et ass déi fënneft an domat leschter Saison fir d'Anne Simon an den USA, duerno kéint eng Profikarriär ufänken.