D'Résidence klappt d'Sparta Bartreng bei den Häre mat 89:58. Bei den Damme setzt sech den T71 Diddeleng mat 70:64 géint de Gréngewald Hueschtert duerch.

Hären

Viru 4300 Leit an der Arena an der Coque hunn sech Walfer a Bartreng an der éischter Hallschecht vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg näischt geschenkt, et waren déi Bartrenger déi an der Paus knapp mat 33:31 a Féierung louchen. Am drëtte Véierel konnt sech Walfer duerch Schëss aus der Distanz ofsetzen. Ee 16:3 Laf ënnerhalb vu 4 Minutten huet dofir gesuergt, dass d'Résidence mat enger komfortabeler 65:45-Féierung an de leschte Véierel gestart ass. Bartreng war net méi an der Lag de Réckstand ze verkierzen, um Enn wënnt Walfer des Finall däitlech. De Leon Ayers war mat 34 Punkte net ze stoppen, ënner dem Kuerf huet de Xavier Robert-Francois mat 23 Rebounds iwwerzeegt.

Fir Walfer ass et den zweete Coupe-Titel an der Veräinsgeschicht bei den Hären.

Um RTL Play fannt Dir béid Matcher am Replay.

Dammen

Am Lalux Ladies Cup bei den Dammen huet Diddeleng iwwerraschend den Titel gewonn. Den T71 setzt sech mat 70:64 géint de Titelverdeedeger Hueschtert duerch, fir de Gréngewald war et déi éischten Néierlag an der lafender Saison.

Fir Opreegung huet direkt am Ufank e vermuttleche Feeler op der Auer gesuergt. De Match gouf ronn 10 Minutten ënnerbrach fir sécher ze goen, dass de Score richteg ass. Diddeleng louch nom éischte Véierel 21:19 a Féierung. Enner dem Impuls vum Mia Loyd huet sech den T71 am zweete Véierel weider ofgesat, an der Paus stoung et 36:30 fir d'Ekipp aus dem Süden. An der zweeter Hallschecht huet sech e spannende Match entwéckelt, dee sollt an der Schlussphas entscheet ginn. Diddeleng hat um Enn déi besser Nerven a konnt fir déi drëtte Kéier an der Veräinsgeschicht jubelen. D'Mia Loyd huet 25 Punkte markéiert, d'Ehis Etute konnt mat 22 Punkten an 12 Rebounds iwwerzeegen.

RTL

© Roland Miny

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Dammen