Den Trainer vun den Diddelenger Dammen huet dem Veräin seng Decisioun, no dëser Saison säin Trainerposten opzeginn, matgedeelt.

Dat huet den T71 e Mëttwoch de Moien annoncéiert. Ënnert dem Jérôme Altmann konnten d'Diddelenger Dammen zweemol de Championstitel a rezent och d'Coupe gewannen.

Wien hien ersetzt ass nach net gewosst. Aktuell spillt den T71 jo och nach eng Roll am Kampf ëm de Championstitel. Deemno kéint sech de Jérôme Altmann méiglecherweis mam Doublé verabschiden. De Veräin huet him op de soziale Medien op alle Fall Merci gesot fir seng "virbildlech Aarbecht".