Um Mëttwoch war zu Dummeldeng déi zweet Editioun vun der "awards night" vun der FLBB.

Genee wéi am Joer virdru gouf et insgesamt sechs Auszeechnungen: 1 Mol fir de beschte Spiller vun der Saison, 1 Mol fir déi bescht Spillerin vun der Saison, 1 Mol fir de beschten U21-Spiller, 1 Mol fir déi bescht U21-Spillerin, 1 Mol fir de beschten Trainer am Härechampionnat an 1 Mol fir de beschten Trainer am Dammechampionnat. Membere vun der Press, d'Traineren an d'Kapitäne vun den Ekippen an d'Fans hu gewielt.

Ehis Etute a Philippe Gutenkauf goufen eng weider Kéier ausgezeechent.

MVP bei den Hären

De Philippe Gutenkauf vun der Ettelbrécker Etzella gouf als beschte Spiller vun der Saison ausgezeechent, domat huet hie säin Titel verdeedegt.

Och nach nominéiert waren:
Thomas Grün (Basket Esch)
Olivier Vujakovic (Résidence Walfer)

MVP bei den Dammen

D'Ehis Etute vum T71 Diddeleng gouf als bescht Spillerin vun der Saison ausgezeechent, domat huet si hiren Titel verdeedegt.

Och nach nominéiert waren:
Esmeralda Skrijelj (Amicale Steesel)
Lisy Hetting (Gréngewald Hueschtert)

Beschte Spiller an der U21-Kategorie

De Max Logelin vun der Sparta Bartreng gouf als beschten U21-Spiller gewielt, dat fir déi zweete Kéier noeneen.

Och nach nominéiert waren:
Selmin Muric (Kordall Steelers)
Mykolas Maindron (Arantia Fiels)

Bescht Spillerin an der U21-Kategorie

D'Nicole Torresani vun der Sparta Bartreng gouf als beschten U21-Spillerin gewielt.

Och nach nominéiert waren:
Isa Hämäläinen (Amicale Steesel)
Laetitie Schumacher (Amicale Steesel)

Trainer vum Joer (Härechampionnat)

De Gavin Love vun der Etzella Ettelbréck krut bei den Traineren aus dem Härechampionnat dei meeschte Stëmmen.

Och nach nominéiert waren:
Daniel Brandao (Amicale Steesel)
Yves Defraigne (T71 Diddeleng)

Trainer vum Joer (Dammechampionnat)

Bei den Damme geet de Präis un de Francois Manti, Trainer vum Gréngewald Hueschtert.

Och nach nominéiert waren:
Jérôme Altmann (T71 Diddeleng)
Mike Feyder (Sparta Bartreng)