Cornelia Hütter gewënnt Descente zu Saalbach

© AFP
Domat ka sech d'Éisträicherin och de Weltcup an der Descente sécheren.
Am Schi Alpin bei den Dammen zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich huet d'Cornelia Hütter net nëmmen déi leschte Course vun der Saison gewonnen, mee och déi kleng Kristallkugel fir de Gewënn vum Descente-Weltcup. D'Éisträicherinn setz sech mat knappen 0,17 Sekonne virun der Slowakin Ilka Stuhec an der Italiennerin Nicol Delago (+0,49 Sekonnen) duerch.
De Gesamt-Weltcup ass dogéint fir d'Schwäizerin Lara Gut-Behrami.
Beim Schifléien zu Planica, gläichzäiteg déi leschte Statioun fir des Saison, stoung um Samschdeg en Team-Sprangen um Programm. Nodeems eng sëlleg Athlete bei deels ganz schwéiere Wiederkonditioun gefall sinn, huet d'Jury Decisioun geholl keen 2. Duerchgang duerchzeféieren. Deemno gewënnt Éisträich viru Slowenien a Norwegen. Um Sonndeg ass dann dat lescht Eenzelsprange vun dëser Saison.