Um Sonndeg war d'Suite vum éischte Spilldag vun de Play-offs a vum Ofstigsgrupp bei den Hären an der LBBL.

5. Spilldeeg viru Schluss steet dann och schonn Hiefenech als Opsteiger an d'LBBL fest. D'Ekipp vum Trainer Alex Pires profitéiert vun der Victoire vu Munneref géint Miersch.

Hären - Playoff

D'Etzella Ettelbréck wënnt en intensiven a spannende Match géint den AB Contern. Nodeems d'Féierung am véierte Véierel e puer Mol gewiesselt huet, stoung um Enn eng 85:79 Victoire fir déi Ettelbrécker um Tableau. Ronn 2 Minutte viru Schluss hunn de Jimmie Lee Taylor an de Philippe Gutenkauf zwee entscheedend Dräier getraff, de Nationalspiller koum um Enn op staark 25 Punkten.

Schonn um Mëttwoch steet an de véier Serien den zweete Match um Programm.

D'Résidence Walfer setzt sech no enger geckeger Schlussphas mat 98:95 géint d'Arantia Fiels duerch. Nodeems d'Gäscht sech an d'Verlängerung rette konnten, haten si zum Schluss d'Méiglechkeet de Match nach emol auszegläichen, den Amerikaner Dillon Stith huet allerdéngs en offensive Feeler gemaach. 36 Punkte konnt de Leon Ayers zu dëser Victoire vun der Lokalekipp bäisteieren.

De Basket Esch huet sech géint den T71 Diddeleng fréi ofgesat an um Enn eng kloer 78:54 Victoire gefeiert. D'Lokalekipp huet den zweete Véierel 28:10 fir sech entscheet an domat fir eng Virentscheedung gesuergt. Bei der Lokalekipp konnt de Jordan Hicks 19 Punkte markéieren, bei de Gäscht huet nëmmen de Joe Kalmes zweestelleg markéiert mat 11 Punkten.

De Basket Esch huet sech géint den T71 Diddeleng fréi ofgesat an um Enn eng kloer 78:54 Victoire gefeiert.

D'Amicale Steesel wënnt och däitlech, dat mat 91:72 géint d'Sparta Bartreng. Staark 35 Punkte konnt dobäi de Jarvis Williams markéieren. Steesel huet all Véierel fir sech entscheet a keng Zweifel opkomme gelooss, schonn e Mëttwoch spillen d'Ekippen eng zweete Kéier géinteneen.

Hären - Ofstigsgrupp

Um Sonndeg huet sech Mambra Mamer mat 82:75 géint d'Kordall Steelers duerchgesat. Bei de Gäscht huet mam Zachary Watson en neie Profispiller matgespillt, hie konnt Defaite vun de Steelers allerdéngs net verhënneren. De Billy McDaniel konnt mat 29 Punkten iwwerzeegen. An der Tabell huet Mamer schonn e komfortabele Virsprong op d'Konkurrenz an domat eng gutt Ausgangspositioun fir an der LBBL ze bleiwen.

An der Ofstigsgrupp war och den Optakt vum éischte Spilldag. D'Musel Pikes klappen de Gréngewald Hueschtert 88:74 no engem staarke véierte Véierel an zéien doduerch an der Tabell mam Géigner gläich. Mat 38 Punkten huet de Jalen Green bei der Lokalekipp iwwerzeegt. Bei de Gäscht stoung mam Marcs Gilbert en neie Profispiller um Terrain, hie war den eenzege Profi am Kader vum Gréngewald.

Nationale 2

Am Opstigsgrupp vun den Hären an der Nationale 2 ass um Samschdeg eng Entscheedung gefall. Hiefenech séchert sech mat enger 77:58 Victoire géint Schieren an enger gläichzäiteger 90:68 Victoire vu Munneref géint Miersch den Opstig an d'LBBL. D'Ekipp vum Trainer Alex Pires huet de Championnat an der zweeter Divisioun déi ganz Saison iwwer dominéiert a steet elo 5 Spilldeeg viru Schluss vun der Saison schonn als Opsteiger fest.

Dammen

Bei den Damme gouf de 4. Spilldag vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun gespillt. Den T71 Diddeleng séchert sech déi 2. Plaz an der Tabell duerch eng 73:61 Victoire géint den AB Conter. Domat huet d'Ekipp vum Trainer Jérôme Altmann Heemvirdeel an der Halleffinall géint d'Sparta Bartreng. D'Ehis Etute konnt an dësem Match 15 Punkten an 13 Rebounds zur Victoire bäisteieren.

D'Sparta Bartreng setzt sech kloer mat 92:62 géint Wolz duerch. Mat 17 Punkten, 10 Rebounds an 10 Assists ass dem Martha Burse en triple double gelong. 5 Spillerinnen hu bei der Lokalekipp méi wei 10 Punkte markéiert.

D'Sparta Bartreng setzt sech kloer mat 92:62 géint Wolz duerch.

De Champion Gréngewald Hueschtert setz sech auswäerts mat 83:64 géint d'Amicale Steesel duerch. Déi meeschte Punkten huet d'Amanda Cahill (28) geworf.

Nach net entscheed ass, ob Steesel oder Conter an der Halleffinall géint de Leader Gréngewald untrieden. Béid Ekippe spillen nächst Woch am entscheedenden direkten Duell géinteneen.