Bartreng a Fiels erzwéngen drëtte Match, Esch an Ettelbréck an der Halleffinall
Um Mëttwoch gouf den zweete Spilldag vun de Play-offs bei den Hären an der LBBL gespillt.
Ettelbréck an Esch sti virzäiteg an der Halleffinall, wou béid Ekippen openeen treffen, si gewannen hir "Best of 3"-Serie jeeweils mat 2:0. Walfer a Fiels souwéi Steesel a Bartreng spillen e Samschden en entscheedenden drëtte Match.
D'Etzella Ettelbréck ass auswäerts géint den AB Conter staark an de Match gestart an huet virun allem mat Schëss aus der Distanz iwwerzeegt. Net manner wéi 12 Dräier hunn d'Gäscht eleng an der éischter Hallschecht getraff, Ettelbréck louch no 20 Minutte kloer mat 58:42 a Féierung. Um Enn markéiert d'Etzella als Ekipp 20 Dräier a setzt sech kloer mat 100:83 duerch. Déi meeschte Punkte goungen op de Kont vum Jimmie Lee Taylor mat 35. Ettelbréck wënnt d'Serie 2:0 a steet an der Halleffinall, wou d'Ekipp aus dem Norden op de Basket Esch trefft.
De Basket Esch setzt sech nämlech mat 83:65 géint den T71 Diddeleng duerch a wënnt d'Serie 2:0. D'Gäscht hunn de Match dominéiert, de Clancy Rugg (22 Punkten) an de Jordan Hicks (20) koumen zesummen op 42 Punkten.
D'Arantia Fiels erzwéngt en drëtte Match, dat no enger 88:7-Victoire géint d'Résidence Walfer. Dobäi huet d'Lokalekipp de spannende Match mat engem fulminante véierte Véierel fir sech entscheet. 35 Punkten huet d'Ekipp vum Trainer Chris Wulff an de leschten 10 Minutte geworf, bei de Gäscht huet den drëtte Profi Travis Daniels net matgespillt. De Mykolas Maindron konnt 24 Punkten zur Victoire vun der Arantia bäidroen.
An engem spannende Match erkäempft d'Sparta Bartreng eng 91:88 Victoire géint Steesel. D'Gäscht sinn zum Schluss spektakulär zeréck an de Match komm an haten a Persoun vum Bob Melcher d'Méiglechkeet op eng Verlängerung, dëse Worf ass allerdéngs net era gaangen. Mat 31 Punkten huet den Nationalspiller Yannick Verbeelen säin Talent ënner Beweis gestallt.