Lëtzebuerg verléiert kloer géint Island
D'Ekipp mam Roude Léiw op der Broscht muss eng 15:31-Defaite astiechen, kann awer op d'Leeschtung an der zweeter Hallschent opbauen.
Déi éischt Hallschent goung kloer un Island, mee am zweeten Duerchgang hunn d'Lëtzebuergerinnen hiert Potenzial opblëtze gelooss, verléieren awer um Enn mat 15:31.
Déi éischt 10 Minutte konnt Lëtzebuerg gutt mathalen (2:4) an d'Golkippesch Maewa Huberty konnt eng Rei Parade weisen, duerno koumen d'Rout Léiwinnen net méi duerch d'islännesch Defense. D'Islännerinnen hunn op der Géigesäit vun den einfache Ballgewënner profitéiert a si bannent e puer Minutten op 5 Goler dervu gezunn, wat de lëtzebuergeschen Trainer Alexandre Scheubel zu enger Auszäit gezwongen huet.
No der Auszäit hunn d'Lëtzebuergerinne kuerzzäiteg méi konzentréiert an der Attack gespillt, awer ouni déi néideg Reussite géint eng aggressiv islännesch Defense. Dat huet sech no 30 Minutten och an der Statistik erëmgespigelt: Lëtzebuerg huet 13 Schëss ofginn, ouni dass de Ball am Filet gelant ass. Beim Stand vu 5:15 aus Lëtzebuerger Siicht goufen d'Säite gewiesselt.
An der zweeter Hallschent hunn déi 639 Spectateuren an der Coque eng méi engagéiert Leeschtung vun de Lëtzebuergerinne gesinn, déi d'Zuel vun den technesche Feeler par rapport zur éischter Hallschent reduzéiere konnt. Den Trainer Alexandre Scheubel huet op déi jonk Gard gesat a gouf fir säi Courage belount.
De Ball ass am Ugrëff méi flësseg hin an hier gaangen an d'Spectateure kruten eng Rei flott Goler vun de Lëtzebuergerinnen ze gesinn. Um Enn steet zwar eng kloer Victoire fir Island, mee op déi zweet Hallschent kann een op Lëtzebuerger Säit opbauen. Fir Rout Léiwinnen hunn d'Joanne Rodesch (4 Goler), d'Jenny Zuk an d'Tina Welter (jee 3 Goler) am beschte markéiert.