
Déi Lëtzebuerger Häre-Futtballnationalekipp kritt nei Tricoten. D’Futtball-Federatioun huet e Méindeg hiert neit Partenariat mat der däitscher Firma JAKO bis 2030 offiziell annoncéiert.
Schonn an der Vergaangenheet haten d’Rout Léiwen Tricoten vu JAKO. Donieft ekipéiert den däitschen Hiersteller aktuell och schonn d’Dammen-Nationalekipp, wéi och déi sëllegen Nowuess-Ekippe vun der FLF.