Mat 41 Joer huet de Futtball-Star Cristiano Ronaldo sengen eegenen Aussoen no d'Enn vu senger aktiver Karriär als Profifuttballer a Siicht. "Dat ass warscheinlech mäi lescht Joer am Futtball an ech wëll e spektakuläert Ierwen hannerloossen", sot de Portugis an engem Interview mat der Moudenzäitschrëft Vogue, dat e Sonndeg publizéiert gouf. D'Zukunft no senger Futtballer-Karriär wier och scho "vollstänneg geplangt".
"Ech hunn e sou vill Saachen, déi mech beschäftegt halen, datt et schwéier ass, nëmmen eng Saach ze nennen", sou de Ronaldo. Zu senge Liblingsbeschäftegunge gehéieren deemno Reesen a Padel-Tennis. "Well Futtball e grousst Lach hannerloosse kéint, ass et wichteg, d'Zäit op verschidden Aarten an net nëmmen op eng Weis ze fëllen."
De Ronaldo gehéiert zu deene gréisste Futtballspiller an der Geschicht vum Sport an ass mat méi wéi 950 Goler aktuell weltwäit de beschte Buteur. Bei senger wuel leschter WM dëst Joer ass hie mat Portugal schonn an den 1/8-Finalle géint de spéidere Weltmeeschter Spuenien eliminéiert ginn an huet domat déi Coupe, déi him nach a senger grousser Sammlung vun Titele feelt, verpasst. Virun e puer Deeg huet hien da seng laangjäreg Partnerin Georgina Rodriguez bei enger privater Feier am portugisesche Cascais bestuet.
Der Vogue huet de Ronaldo da weider gesot, hie wéilt "weider genéissen, wat ech mir opgebaut hunn, wat mir ons opgebaut hunn". "Well ëmmerhi waren et 25 Joer mat villen Affer", huet e mat Bléck op seng Karriär ergänzt.
Schonn d'lescht Woch hat dem Ronaldo säin dauerhafte Konkurrent Lionel Messi annoncéiert, datt hien nom Doud vu sengem Papp "seriö Zweiwel" hätt, ob hie seng sportlech Karriär nach weiderféiere géif.