Iwwer 3.000 Basketmatcher als Arbitter geleet
Jean Samida am Alter vu 87 Joer gestuerwen

Aus dem Basket ass et d’Nouvelle, datt de Jean Samida am Alter vu 87 Joer gestuerwen ass.
De Jean Samida war ënnert anerem am Futtball, Basket an Handball als Arbitter aktiv. A war spéider och am Äishockey am Asaz.
Insgesamt huet de Jean Samida iwwer 1.450 Futtballmatcher gepaff, am Basket waren et der iwwer 3.000. Den éischte Basketsmatch huet hien 1962 geleet, eng Partie tëscht Waasserbëlleg géint d'Fiels. Hie war bis 2021 aktiv.
Hien huet och mat 80 Joer nach Basketmatcher geleet. De Weekend ass hien am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
E Reportage vum Guy Seyler aus dem Joer 2014
18/12/2014 Jean Samida
Am meeschte gelies