Den Armand Duplantis huet säin eegene Weltrekord ëm een Zentimeter verbessert.

De Stafhéichsprénger Armand Duplantis huet säi Weltrekord op en Neits verbessert. De 24 Joer ale Schwed huet zu Xiamen a China eng Héicht vu 6,24 Meter gepackt.

Domadder huet den Olympiagewënner a Weltmeeschter säin ale Weltrekord ëm een Zentimeter verbessert. Dësen hat hien de 17. September 2023 zu Eugene an den USA realiséiert.

Den Duplantis hat e Samschdeg ouni Probleemer 6,00 Meter gemeeschtert an ass dunn am éischte Versuch iwwer 6,24 Meter gesprongen.

Zweete gouf de Sam Kendricks aus den USA (5,82 Meter) an Drëtten de Huang Bokai aus China (5,72 Meter).

RTL

Den Armand Duplantis kuerz no sengem neie Weltrekord. / © AFP