
Nodeems et um leschte Spilldag déi éischt Defaite vun der Saison fir Metz gi war, gouf et elo déi éischt Heemdefaite. No 0:2-Réckstand huet déi vum Luc Holtz trainéiert Ekipp um Enn nach 2 Goler geschoss an domat 2:2 géint den Tabelleleader Saint-Étienne gespillt. E Samschdeg den Owend stoung iwwerdeems dee 17 Joer jonken Hamza Kadamani fir déi éischt Kéier bei Metz an der Startformatioun. Hie gouf no 72 Minutten ausgewiesselt.
An der italieenescher Serie B konnt Sampdoria no 3 Defaiten um Stéck e Samschdeg nees gewannen. No 0:1-Réckstand konnt ee sech doheem um Enn mat 2:1 géint Catanzaro duerchsetzen. Den Danel Sinani huet op der Bänk ugefaangen a gouf no 70 Minutte beim Score vun 1:1 agewiesselt.
An der 2. Bundesliga gouf et fir Magdeburg een 1:1 auswäerts géint Greuther Fürth. Den Eldin Dzogovic souz bei Magdeburg op der Bänk, ass awer net zum Asaz komm.