No engem Feeler vum Arbitrage hat Walfer e Samschdeg no der 2. Finall Protest gemaach.

Aus dem Damme-Volleyball ass et um Donneschdeg d'Nouvelle, datt déi zweet Finall ëm de Championstitel tëscht Mamer a Walfer frësch gespillt gëtt.

Wéinst engem Feeler vum Arbitrage de leschte Samschdeg hu béid Veräiner zesumme mat der Federatioun d'Decisioun geholl, datt déi zweet Halleffinall e Sonndeg nei ugesat gëtt. Walfer hat Protest géint d'Wäertung vum véierte Saz ageluecht, well et zu engem Feeler vun den Arbittere komm war. Beim Stand vu 27:27 hat Walfer de Punkt gemaach a Mamer krut zousätzlech eng Rout Kaart, wat eigentlech en direkte Punktverloscht bedeit. Dëst haten d'Arbitteren awer net esou gewäert, soudass de Saz weidergoung. Dëse Saz huet Mamer schlussendlech fir sech entscheet.

Eng méiglech drëtt a lescht Partie géif den 1. Mee gespillt ginn.

Momentan läit Walfer am Best-Of-Three-Modus 1:0 vir. Mamer hat de Match e Samschdeg eigentlech mat 3:1 gewonnen.