D'Damme vun Hueschtert an d'Häre vu Steesel ginn 2:1 a Féierung

© Shari Schenten
Um Samschdeg war den drëtte Match vun de Finallen an der LBBL, déi am "Best-of-5"-Modus gespillt ginn.
Hären - Finall
Bei den Häre geet Steesel an der Serie géint Ettelbréck mat 2:1 a Féierung. Et bleift dobäi, dass d'Heemekipp sech bis elo an all Match vun der Finall duerchgesat huet. Keng Ekipp konnt sech am Laf vum Match ofsetzen an esou gouf den Zuschauer e spannende Match gebueden. An de leschte Minutte vum Match hunn de Bob Melcher an den Noah Medeot zesummen dräi wichteg Dräier getraff a Steesel domat e klenge Virsprong erausgespillt. Um Enn setzt sech d'Lokalekipp mat 83:77 duerch. Mat 27 Punkten an 18 Rebounds konnt de Kim Aiken Jr iwwerzeegen.
Nächste Sonndeg gëtt den eventuell entscheedende Match zu Ettelbréck gespillt.
Dammen - Finall
D'Damme vum Gréngewald hunn ee Krimi géint Diddeleng gewonnen a ginn domadder 2:1 a Féierung. D'Zuschauer zu Hueschtert hunn e spannende Match gesinn, deen eréischt an de leschte Sekonnen entscheet gouf. Diddeleng war ronn 30 Sekonne viru Schluss 3 Punkten hannen, huet dunn awer de Ball verluer an d'Amanda Cahill konnt de Match un der Fräiworflinn entscheeden. Um Enn stoung et 82:75 fir de Gréngewald.
Stäerkste Spillerin um Terrain war d'Samantha Logic mat 28 Punkten, 11 Assists an 8 Rebounds. Diddeleng sinn 19 Punkten a 15 Rebounds vum Ehis Etute sinn net duergaangen.
Mat dëser Victoire geet Hueschtert 2:1 a Féierung a kéint nächste Samschdeg zu Diddeleng am véierte Match vun der Serie de Championstitel feieren.