Um Donneschdeg waren d'Allersmatcher an der Europa League, sou wéi an der Conference League.

Europa League

AS Roum - Bayer Leverkusen 0:2

An der 28. Minutt war et de Wirtz, dee fir Leverkusen virun der Paus den 1:0-Virsprong konnt markéieren. No der Paus dann huet et bis déi 73. Minutt gedauert, bis den 2. Gol vun der Partie, dat nach eemol vu Leverkusen, gefall ass. Hei war et den Andrich, deen fir d'Endresultat vun der Partie gesuergt hat.

Olympique Marseille - Atalanta Bergamo 1:1

Wann een an dëser Partie déi 2 eenzeg Goler vum Match wollt gesinn, duerft een als Spectateur net ze spéit dru sinn. Den éischte Gol vun der Partie ass nämlech an der 11. Minutt gefall, dat duerch de Scamacca fir Bergamo. Nëmme 9 Minutte méi spéit du koum d'Géigereaktioun vu Marseille, dat duerch e Gol vum Mbemba. Bei dësem Resultat ass et dann och bis zum Enn vum Match bliwwen.

Conference League

AC Florenz - FC Bruges 3:2
1:0 Scottil (5'), 1:1 Vanaken (17'), 2:1 Belotti (37'), 2:2 Thiago (63'), 3:2 Nzola (90+1')

Aston Villa Olympiakos Piräus 2:4
(0:1 El Kaabi (16'), 0:2 El Kaabi (29'), 1:2 Watkins (45+1'), 2:2 Diaby (52'), 2:3 El Kaabi (56'), 2:4 Hezze (67')

D'Nächst Woch sinn dann d'Retourmatcher an der Europa League an an der Conference League.