T71 erzwéngt decisive 5. Match, Pikes bei den Hären 1:0 vir am Barrage
Déi bescht Aktioune vum véierte Match
E Samschdeg gouf bei den Dammen de véierte Match vun der Best-of-5-Serie an der Finall gespillt, wärend et bei den Hären am Barrage den éischte Match war.
Dammen - Finall
An der véierter Finall vun der Best-of-5-Serie konnt sech den T71 Diddeleng doheem géint de Gréngewald Hueschtert duerchsetzen an huet domat en decisive fënnefte Match erkämpft.
No engem ausgeglachenen éischte Véierel huet sech d'Lokalekipp am zweete Véierel ofgesat. Mat séierem a kollektivem Spill konnt sech den T71 e Virsprong vu bis zu 13 Punkten erausspillen, an der Paus louch Diddeleng 39:28 a Féierung.
D'Ekipp vun Hueschtert konnt de Géigner nom Säitewiessel zwar e puermol ënner Drock setzen, Diddeleng hat allerdéngs all Kéier eng Äntwert, fir de Laf vun de Gäscht ze ënnerbriechen. D'Lokalekipp huet souwuel ënner dem Kuerf wéi och aus der Distanz getraff a konnt de Virsprong virum Start vum véierte Véierel op 62:48 ausbauen. Um Enn wënnt Diddeleng 78:64, woubäi d'Shalonda Winton mat 25 Punkten iwwerzeege konnt. Insgesamt hu véier Spillerinne vun Diddeleng mindestens 10 Punkte markéiert.
Den entscheedende fënnefte Match gëtt en Donneschdeg um 19.00 Auer zu Hueschtert gespillt.
Déi bescht Aktioune vum véierte Match
Hären - Barrage
Bei den Häre war e Samschdeg den Optakt vun der Relegatiounsserie, déi am Best-of-3-Modus gespillt gëtt. Hei konnte sech d'Musel Pikes aus der LBBL auswäerts mat 76:63 géint d'Black Frogs Schieren aus der Nationale 2 duerchsetzen a ginn domat 1:0 a Féierung. Den Jalen Green konnt déi meescht Punkten am Match markéieren, hie koum op 27 Punkten an 10 Rebounds.
E Freideg steet den zweete Match vun der Serie zu Stadbriedemes um Programm. Wann d'Pikes dëse Match gewannen, dann spille si och 2024/25 an der héchster Liga.