Um Donneschdeg gouf bei den Dammen den decisive fënnefte Match vun der Best-of-5-Serie an der Finall gespillt.

De Gréngewald Hueschtert verdeedegt bei den Dammen de Meeschtertitel, dat no enger knapper Victoire an eegener Hal géint den T71 Diddeleng.

Gréngewald Champion am Basket / Reportage Shari Schenten

D'Gäscht vun Diddeleng si staark an de Match gestart an hu mat kollektivem Spill gewisen, dass si déi éischt Ekipp an der Saison wéilte ginn, déi auswäerts zu Hueschtert e Match gewënnt. Et huet sech e séieren a flotte Match entwéckelt, de Gréngewald huet duerch Schëss aus der Distanz an de Match fonnt a louch nom éischte Véierel 24:23 a Féierung. Am zweete Véierel koum eng exzellent Phas vun Diddeleng. 8 Punkten noenee vum Catherine Mreches an e Kuerf kuerz virun der Paus vum Nadia Mossong hunn dofir gesuergt, dass Diddeleng mat engem klenge Virsprong vu 44:36 an d'Hallschecht gaangen ass.

Nom Säitewiessel ass de Gäscht gelongen, de Virsprong weider auszebauen. Ëmmer erëm konnt d'Ekipp aus dem Süde fast-breaks ofschléissen an esou den Tempo héich halen. Mat enger 69:57-Féierung ass Diddeleng an de véierte Véierel gestart. Hueschtert stoung ënner Drock, huet et awer fäerdeg bruecht, sech zeréck an d'Partie ze kämpfen. D'Ekipp vum Trainer Francois Manti huet de Match bannent e puer Minutte komplett gedréint a 4 Minutte viru Schluss d'Féierung iwwerholl. Beim T71 konnt d'Ehis Etute vun der 32. Minutt un no hirem fënnefte perséinleche Feeler net méi matspillen, eng fatal Ofschwächung fir d'Ekipp. Um Enn setzt sech d'Lokalekipp mat 81:77 duerch. Nodeems d'Mandy Geniets eng lescht Chance hat, Diddeleng mat engem Dräier erunzebréngen, huet d'Samantha Logic op der Fräiworflinn d'Nerve behalen. Si koum op 23 Punkten, donieft huet d'Lauren Van Kleunen 22 Punkte fir de Gréngewald markéiert.

Fir de Gréngewald Hueschtert ass et den drëtten Titel an der Veräinsgeschicht an den zweeten Titel noeneen.  Diddeleng steet wuel virun engem klengen Ëmbroch. D'Nadia Mossong zitt e Schlussstréch ënner d'Karriär, d'Ehis Etute spillt a studéiert deemnächst an den USA (Oregon Ducks) an den Trainer Jérôme Altmann verléisst d'Ekipp.