Dominic Thiem zitt e Schlussstréch ënnert seng Karriär

© AFP (Archiv)
Et huet sech scho méi laang ugedeit, elo ass et offiziell: Den éisträicheschen Tennisspiller Dominic Thiem hält op.
Den Dominic Thiem hänkt um Enn vun der Saison seng Tennisrackett un den Nol - am Alter vun dann 31 Joer. De US-Open-Gewënner vun 2020, deen zanter enger Zäit Problemer mam Handgelenk huet, huet dëst e Freideg an de soziale Medie bekannt ginn.
Den Héichpunkt vu senger Karriär hat den Thiem 2020, wéi hien an der Finall vun de US Open den Alexander Zverev mat 3:2 an de Sätz geklappt hat. Duerch d'Victoire war hien an der Weltranglëscht bis op Plaz dräi geklommen. Dat sollt och seng bescht Placéierung sinn.
Duerno ass et mat senger Karriär biergof gaangen. Wéinst medezineschen Interventiounen um Handgelenk huet hien ni méi richteg an d'Spuer fonnt. Hie konnt am Ganze 17 Titelen op der ATP-Tour gewannen.