Jenny Warling kann no hirer Blessur mat der 7. Plaz op der EM liewen

© Image Karate - Luxembourg National Team / Facebook
D'Jenny Warling kënnt op der Europameeschterschaft am Karate zu Zadar a Kroatien um Enn an der Kategorie bis 55 Kilo op déi 7. Plaz.
No hirem Kräizbandrass d'lescht Joer kann d'Europameeschterin vun 2019 mat deem Resultat liewen.
D'Jenny Warling huet schonn eng Rei Réckschléi duerch Blessuren hannert sech. Déi 30 Joer al Karateka hat och lo a Kroatien beim Optakt e bësse méi e schwierege Moment. "Ech hat am éischte Match, wou ech kuerz dru geduecht hat opzeginn, an ech war 5-1 hannen an et waren nach 20 Sekonnen oder esou, an do hunn ech geduecht, nee, ech hunn esou vill trainéiert an esou däerft een et elo net ophalen am éischte Match an du sinn ech eng Kéier zréckkomm. Also do hunn ech zwee Punkte matenee gemaach, dat heescht do war et 5-3. An dunn, an de leschten 10 Sekonnen, hunn ech eeben Balléage, dat heescht, hatt op de Buedem geluecht an dann nogeschloen. Dat sinn dunn dräi Punkte ginn an do war ech 6-5 vir. An dunn hunn ech et geréiert, eebe fir déi lescht Sekonnen nach."
No enger weiderer Victoire am zweeten Tour géint eng Slowenin war et dunn an der Véierelsfinall eng knapp Defaite géint d'Mia Bitsch. Well déi Däitsch Karateka bis an d'Finall koum, konnt d'Jenny Warling vum Repechage profitéieren. Do war awer allerdéngs géint eng Italienerin Schluss, an d'Lëtzebuergerin koum um Enn op déi 7. Plaz.
D'Europameeschterin vun 2019 kann awer eng ganz Erkenntnisser aus Kroatien mat heem bréngen.
"Also et ware Saachen eeben dobäi, déi mer gutt gefall hunn. Dat waren, dass ech eeben net opginn hunn, och mat Féiss gemaach hunn, vill Attacke gemaach hunn, wat ech an der leschter Zäit elo manner gemaach hunn. Wat een nach ka verbesseren, ass, vläicht elo esou eng Balance ze fannen, vläicht e bësse méi taktesch, awer ouni ze vergiessen eebe vill Attacken ze maachen. Dat heescht, do kënnt een déi nächst Wochen nach dru schaffen an dann an 3 Wochen ass nach ee K1 zu Casablanca, dat ass dann dee leschte fir dës Saison."Elo ass d'Saison fir d'Jenny Warling esouwäit gelaf. Enn dës Joers gëtt 2025 mat enger Rei klengen Tournoie preparéiert. D'nächst Joer sinn dann déi grouss Ziler fir d'Lëtzebuerger Karateka d'World Games a China an d'Weltmeeschterschaft an Ägypten.